Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Automag: Skoda Kodiaq, 19/08/2021 16:15
    Am Automag vun haut dréint sech alles ëmt de gréissten SUV vu Skoda. No véier Joer Bauzäit krut den Kodiaq en éischte Facelift spendéiert. Wat et domat op sech huet wees den Akim Schmit aus de Automag Ekipp.
    0 min
  • 75 Joer UNIMOG, 09/08/2021 11:45
    Et gëtt Gefierer déi sinn onverwüstlech. E vun hinnen ass den Unimog, an dee feiert dëst Joer seng 75. Als universaalt Motor Gerät ass e geschaf ginn, a sollt zum Kult Objet ginn.
    Och hei am Land war an ass den Unimog am Asaz. De Christian Schmit war op d‘Sich no ganz alen Exemplairen.
    0 min
  • CUPRA Formentor VZ5, 05/08/2021 16:15
    E Viva Espania, heescht et haut am Automag. Spuenescht Temperament an dat net ze knapps am CUPRA Formentor VZ 5.

    Wat stécht do derhannert? De Christian Schmit huet dat op der Presentatioun ronderëm Barcelona erausfonnt.

    0 min
  • Automag: News, 02/08/2021 11:45
    An den News vun haut kucke mer an d’Zukunft! Engersäits déi vum BMW i3, Pionéier vun der Elektromobilitéit. Oder, wéi d’Projete bei Bentley ausgesinn. Richteg vill vir hu se bei Jaguar LandRover, hei gouf am Juni extra an d’Belsch invitéiert fir hir nei Strategie virzestellen. Den Détail vun all deem gëtt et elo mam Paul Origer.
    0 min
  • Automag: BMW 4er Cabriolet, 29/07/2021 16:15
    Summerzäit ass Cabrio-Zäit. Abee, vill Hiersteller hunn dem Cabrio de Réck gedréint. Et gëtt se awer nach. Een Hiersteller, deen um Open-Air Plëséier festhält, ass BMW. Den Akim Schmit aus der Automag Ekipp huet sech den neien BMW 4er Cabrio méi genee ugekuckt.
    0 min
  • ALPINA B8, 22/07/2021 16:15
    Zu Buchloe a Bayern, do ass eng vun de ganz exklusiven Automarken doheem. ALPINA.

    Mat net mol 2000 pro Joer produzéierten Exemplairë kann een dat wuel behaapten. Deenen hiren Top Modell B8 gouf elo kierzlech presentéiert, an déi Invitatioun huet de Christian Schmit gären ugeholl.



    0 min
  • Automag: News, 19/07/2021 11:45
    An den News vun haut geet et em Audi. An zwar hunn d’Ingolstädter hir Elektrogamm ausgebaut an op enger Presentatioun zu Lëtzebuerg mam Q4 an e-tron GT déi lescht elektresch Neiegkeete virgestallt. De Paul Origer war fir eis dobäi.
    0 min
  • Automag: MG EHS Plug-In Hybrid, 15/07/2021 16:15
    Am Automag vun haut dréint sech alles ëmt en SUV, an nawell ëm e ganz exoteschen. Den MG EHS kënnt nämlech nët aus Groussbritannien wéi den Numm et vlaicht vermudde léisst, mee aus China. Den Akim Schmit aus der Automag Ekipp ass der Fro nogaang, ob de China-SUV an Europa eng Chance huet.
    0 min