Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Hyundai Bayon, 04/11/2021 16:15
    De koreanesche Konstrukteur Hyundai lancéiert ee Modell nom aneren. An der Klass vun de Mini SUV, déi jo weiderhi boomt, schéngt ëmmer nach eng Plaz ze sinn.

    Dofir elo dann de Bayon am Showroom.
    An de Christian Schmit war mat engem Exemplaire e puer Deeg am Land domat ënnerwee.
    0 min
  • Automag: Kia EV6, 01/11/2021 11:45
    Esou gutt wéi all Autosmark huet aktuell op d’mannst 1 Elektromodell an der Gamm, wann och dësen technesch dacks op engem Verbrenner baséiert. Kia huet mam e-Niro och esou ugefaang, elo steet awer eng komplett Neientwécklung an de Startlächer, de Kia EV6. Wéi en ausgesäit a wat e kann, dat huet de Paul Origer fir eis op der Presentatioun zu Málaga erausfonnt.
    0 min
  • Automag: Audi RS3, 28/10/2021 16:40
    Wann en Autosmodell de Kierzel “RS“ a sengem Numm stoen huet, steet dat am allgemenge fir nawell zimmlech vill Fuerspaass. Ob dat beim neien Audi RS3 och de Fall ass, weess eis den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun ze berichten.
    0 min
  • 100 Joer Maybach, 25/10/2021 11:45
    Haut gratuléiere mir am Automag enger Mark aus dem absolutte Luxus Segment. Maybach.

    1921 sinn déi éischt Autoe mam duebelen M am Logo, steet fir Maybach Motorenbau, gebaut ginn.
    100 Joer Maybach, Luxus fir gëscht an och fir haut.
    De Christian Schmit mat Detailer, an dem Erliefnes sech an engem Maybach chaufféieren ze loossen.




    0 min
  • Automag News, 18/10/2021 11:45
    De Manktem un Elektrobaudeeler suergt bei den Autohiersteller fir en Hick, Porsche entwéckelt den digitalen Zwilling, äiseg Temperaturen erënneren eis un d’Wanterpneuen a Lancia versprécht den Delta zeréck ze bréngen. D’Automag-News mam Akim Schmit
    0 min
  • Hyundai Ioniq 5, 07/10/2021 16:15
    Virun 2 Joer stoung op der IAA zu Frankfurt bei Hyundai en Auto als Prototyp, deen elo quasi 1:1 en Serie gebaut an am Showroom steet.

    De Modell Ioniq. A genee dee Ioniq 5 als rengen Elektro Auto koum elo an d’Automag Redaktioun.
    De Christian Schmit huet dierfen hannert de Volant.
     



    0 min
  • Caravan a Camper Gebrauchtwagen Check mam ADAC, 04/10/2021 11:45
    Camper a Caravannen si beléift wéi ni virdrun. Geschätzten 1,5 Milliounen Exemplaire sinn eleng op däitsche Stroossen ënnerwee. D’Liwwerzäiten déi deelweis bis an d’Joer 2023 ginn, brénge mat sech dass och Occasioune ganz séier de Besëtzer wiesselen.
    Mee wéi kann ech sécher sinn dass dee Camper oder di Roulotte och an der Rei sinn?
    Dat war och en Thema um leschte Caravan-Salon. De Christian Schmit mat Detailer.
    0 min
  • Hyundai i20 N, 30/09/2021 16:40
    An der Welt vun de klenge Kompaktsportler, gëtt et elo en neie Kandidat, dee scho viru sengem Lancement mat vill Luef iwwerschott gouf. Ob en d'Erwaardungen erfëlle kann, verréit eis den Andy Brücker aus der Automag-Ekipp. 
    0 min