Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen o... more
FAQs about Buvette - De Fussballpodcast:How many episodes does Buvette - De Fussballpodcast have?The podcast currently has 221 episodes available.
September 11, 2024Episod 156 - D'Roud LéiwenLännermatchpaus heescht zwar keng BGL Ligue, keng Bundesliga a Co., mee Lännermatchpaus heescht och Zäit fir d'Roud Léiwen. De Ben, de Gilles an den Dylan kucken wéi et aktuell em d´Roud Léiwen steet, schwätzen iwwert den UNK an der Éierenpromotioun a maachen an dëser Folg souguer e Schwenker riwwer bei d'Paralympics....more34minPlay
September 04, 2024Episod 155: HunnegdrëppBGL Ligue, Éierepromotioun, 1.Divisiounen an d'Lëtzebuerger am Ausland. De Ben, de Gilles an den Dylan hunn erëm alles analyséierta beschwätze bei weem et leeft, bei weem et eventuell grad net esou leeft, wou d'Goler geschoss ginn a wou een eventuell nach e Goalkipp gebraucht hätt. All dat a nach vill méi an dëser Folleg Buvette....more32minPlay
August 28, 2024Episod 154 - FouersonndigAm ganze Land leeft erëm de Fussball an d'Buvette ass rëm zu dräi. An dëser Episod bleiwen de Ben, den Dylan an de Gilles rëm nëmmen am Lëtzebuerger Land a kucken sech u wat an der BGL Ligue, der Ehrenpromotioun an an deenen anere Ligen de leschte Weekend lass war....more33minPlay
August 22, 2024Episod 153 - Sauere GurkenAn dëser Episod ass de Ben eleng mam Dylan a si beschwätze wéi ëmmer dat Wichtegst aus dem Lëtzebuerger Fussball. Wat war an der BGL Ligue lass, wat ass an der Ehrenpromotion geschitt a firwat lount sech e Match an der éischter Divisioun besonnesch?...more29minPlay
August 14, 2024Episod 152 - Den Hummer vum SummerD'Buvette ass rëm zeréck an et gëtt alles op lénks gedréit! Keng Bundesliga méi, keng Premier League méi, näischt Internationales méi. Nëmmen nach déi interessant Saachen an zwar de Fussball aus Lëtzebuerg. De Ben de Gilles an den Dylan hunn sech Gedanke gemaach a plapperen an dëser Episod iwwer Aktuelles aus der BGL Ligue, e Sensatiounstrikot a maachen sech prett fir de Start vun deenen aneren Ligen....more33minPlay
May 30, 2024Episod 151 - VakanzEt assdéi allerlescht Buvette fir dës Saison, an där op d'Tabellen an d'Barragematcher vum Lëtzebuerger Fussball,sou wéi d'Final vum DFB Pokal gekuckt gëtt. Net ze vergiessen, stinn iwwert de Summer awer nach ganz wichteg Tournoien um Programm. Wéi eng genau, gëtt et an dëser Episod ze héieren....more33minPlay
May 23, 2024Episod 150 - Kroni ToosEt ass déi lescht Buvette fir dës Saison an d'Buvette kuckt op eng jett Abschider. Den Dylan, de Kroos, de Kloppo, de Streich a vill weider Typpe verloossen d'Fussballsbün. De Sinani huet St.Pauli an d'Bundesliga geschoss, de Barreiro wiesselt op Benfica an de Lëtzebuerger Fussball huet fir e Skandal gesuergt. Dat a nach villes mei an dëser Episod Buvette....more38minPlay
May 15, 2024Episod 149 - EntscheedungenAn der Fussballwelt kënnt et esou lues zu Entscheedungen. Kaiserslautern huet d'Klass gehal, Kiel a Pauli sinn opgestigen, Déifferdeng ass Champion, Nidderkuer ass Coupegewënner an an an… Natierlech gëtt dann och an den Ekippen deementspriechend gefeiert a wansinneg Interviewe gehalen. Alles am Detail an dëser Episod Buvette....more31minPlay
May 08, 2024Episod 148 - De Baumgart a säin NoperDe Ben an den Dylan hunn sech dës Kéier nees d'Méi gemaach an hunn all déi wichtegst Saachen aus der Fussballswelt fir dech opgegraff. Rouspert suergt dofir, dass et keng Meeschterschaftsfeier fir Déifferdeng gouf, den Jamie Carragher huet gelieft wéi een aus der Buvette, De Kroos spillt weiderhin Zockerpassen, de Max Kruse gesäit aus wéi de schlechten Ailton an de Baumgart hat Streit matt sengem Noper....more38minPlay
April 30, 2024Episod 147 - Es ist mir scheißegalDe Fussball fiddert eis rëm mat genuch Themen. Am Lëtzebuerger Fussball sti Beetebuerg a Sandweiler schonn als Opsteiger fest, zu Rouspert kommen d'Wierm aus dem Terrain an d'11Freunde schreift schéi Berichter iwwert eist Land. An der Bundesliga huet de Wurst-Uli géint den Tuchel gesténkert a Leverkusen schéisst rëm an der Nospillzäit den Ausgläich a verléiert rëm net. Themen iwwer Themen iwwer Themen nëmme fir dech an der neier Episod Buvette....more32minPlay
FAQs about Buvette - De Fussballpodcast:How many episodes does Buvette - De Fussballpodcast have?The podcast currently has 221 episodes available.