Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen o... more
FAQs about Buvette - De Fussballpodcast:How many episodes does Buvette - De Fussballpodcast have?The podcast currently has 221 episodes available.
November 28, 2024Episod 166 - Glügin an EmotiounenEt gëtt wanterlech dobaussen an dowéinst schwätzt d'Buvette iwwer verschidde Gedrénks. Mee sou wéi et sech gehéiert och iwwert de Fussball. Wéi war et fir de Ben zu Wooltz? Wat war mam Kommentator lass? Wat ass zu Käerjeng geschitt? An an an.. Wieder Detailer wéi ëmmer erëm an der neier Episod vum Podcast Buvette....more34minPlay
November 20, 2024Episod 165 - Et gëtt kalD'Roud Léiwen hu gespillt an dat heescht erëm Kritik vu ville Säiten ausser an der Buvette. De Gerson ass ee super Typ, d'Auswiesslung vum Ralph ass top an de Courage vum Holtz genau sou. Mir hunn erëm déi wichteg Saache fir dech beschwat an ausdiskutéiert: vun Insider bis hin zu dréchene Fakten....more30minPlay
November 14, 2024Episod 164 - 90 Minutte laangEt war Coup am Lëtzebuerger Land an dat versprécht ëmmer vill Flottes! Wat ass zu Jonglënster geschitt? Firwat huet den Dylan wéinst Iechternach een Ouerewuerm? Wat war mam Niwwel lass? Wéi war et zu Rouspert a wat ass bei der FLF lass? All d'Froen hunn d'Bouwe vun der Buvette erëm fir dech beäntwert! Dës Kéier och no laanger Zäit mol nees zu 3....more37minPlay
November 06, 2024Episod 163 - B steet fir BuvetteDe Ben huet eppes fir eis Fussballskultur gemaach a war an der Staat beim 352 Football Festival. Leit, déi de Fussball gären hunn, sollen heiansdo gären e Béierchen drénken a gäre braddelen. Wat wëll een och Méi. Dann hat de Ben awer nach selwer Match a kuckt wat an der BGL-Ligue lass war an den Dylan schwätzt iwwer säin Dag zu Stuttgart....more31minPlay
October 30, 2024Episod 162 - Lautrer muss du sinnEe klengen Telefon aus Stuttgart, e bësse Geläschters riets a lénks. D'Buvette huet erëm den Tour duerch d'BGL Ligue an d'Éierepromotioun gemaach an ausserdeem nach e puer Diskussiounen zum Ballon d'Or begruewen....more28minPlay
October 24, 2024Episod 161 - Wat eng Pärel!Wat eng Pärel an der BGL Ligue! Bei der Fola fale Goler, wéi aus dem Billerbuch, de Ben erreecht erëm e Meilesteen a senger Karriäre, Déifferdeng huet ëmmer nach Ee kasséiert an an an. Am Lëtzebuerger Fussball ass vill lass a genau dofir lount et sech déi nei Folleg Buvette zelauschteren....more34minPlay
October 16, 2024Episod 160 - Nix ËmschwongNo enger Woch onfräiwëlleger Paus, mellen sech de Gilles an de Ben aus der Buvette zeréck. Um Programm stinn natierlech eis Rout Léiwen. Wéi geet d'Nations-League op een Enn, dat ass déi Fro, déi sech all Mënsch grad stellt. Ausserdeem hunn si nach eng Kéier op d'Coupe zeréck gebléckt an e puer weider Specials, héiers du wann s du eralauschteren....more37minPlay
October 02, 2024Episod 159 - Flutlicht op der GrenzAn dëser Episod diskutéieren de Ben an de Gilles déi spannendste Momenter aus der BGL-Ligue, analyséieren d’Relegatiounschancë vun den Equippen an der Éierepromotioun a geheien e Bléck op déi rezentst Leeschtungen an Entwécklunge beim lëtzebuergesche Fraefussball. Mat interessante Statistiken an e puer Insider-Tipps suergen si fir déi gemittlech Stëmmung aus der Buvette....more33minPlay
September 25, 2024Episod 158 - SensatiounDe Ben an den Dylan hunn erëm genuch ze beschwätzen: Skandaler iwwer Skandaler am Lëtzebuerger Fussball an e rouege Weekend wat d'Resultater ugeet. Trotzdeem sinn et ëmmer Themen aus der BGL-Ligue, der Éierepromotioun an eventuell och der Icon-Leaguean Däitschland. Wien weess?...more29minPlay
September 18, 2024Episod 157 - Hinten kackt die EnteDe Ben an den Dylan huelen de ganze Lëtzebuerger Fussball am Detail auserneen: Goler, Chancen, Giel Kaarten a souguer eng interessant Karte-Statistik. Da schwätzen si nach driwwer, dass een am Fussball ëmmer bis zum Schluss spille sollt a kucken op den Ufank vun der neier Champions-League-Saison....more32minPlay
FAQs about Buvette - De Fussballpodcast:How many episodes does Buvette - De Fussballpodcast have?The podcast currently has 221 episodes available.