Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen o... more
FAQs about Buvette - De Fussballpodcast:How many episodes does Buvette - De Fussballpodcast have?The podcast currently has 205 episodes available.
February 13, 2025Episod 170 - Pelouse en bon EtatDeen éischten BGL-Spilldag ass Geschicht: Hesper huet keen Trainer méi a bei der Jeunesse war den Entrée fräi. Nidderkuer wëll mam Nationalspiller Lars Gerson nach eng Kéier voll ugräifen an Dësen dierf warscheinlech säin BGL Ligue-Debut zu Rouspert op der Pelouse féieren....more27minPlay
February 05, 2025Episod 169 - Zeréck aus dem WanterschlofMir si erëm zeréck. No enger laanger a verdammt gudder Wanterpaus gëtt et erëm Zäit op de Fussball ze kucken. Wéi eng Transferte sinn zu Lëtzebuerg geschitt, wien ass de wierkleche Königstransfert a wéi geet et déi nächst Woche weider? Alles dat a nach villes méi an dëser Folleg....more26minPlay
December 11, 2024Episod 168 - WanterpausD'Buvette geet genau sou wéi de Lëtzebuerger Fussball an d'Wanterpaus. Trotzdeem beschwätzen d'Bouwe vun der Buvette nach eng Kéier déi wichteg Saachen. Wéi geet et mat Hesper weider? Wat huet de Ben zu Stroossen erlieft? Wat ass zu Königsdorf geschitt? Wat maachen d'Ekippen an der Wanterpaus? Alles dat a nach vill méi an dëser Episod vun der Buvette....more29minPlay
December 03, 2024Episod 167 - De blanke WansinnEt ass vill lass wann een sech aktuell am Lëtzebuerger Fussball ëmhéiert: ee grousse Skandal an der BGL Ligue vum Swift Hesper suergt fir Diskussiounsstoff am Land a wou ass déi perfekte Plaz fir natierlech driwwer ze schwätzen? Richteg, an der Buvette. Hesper, Coupe, d'Erliefnisser vum Weekend: d'Jonge vun der Buvette hunn erëm alles fir dech diskutéiert a beschwat....more34minPlay
November 28, 2024Episod 166 - Glügin an EmotiounenEt gëtt wanterlech dobaussen an dowéinst schwätzt d'Buvette iwwer verschidde Gedrénks. Mee sou wéi et sech gehéiert och iwwert de Fussball. Wéi war et fir de Ben zu Wooltz? Wat war mam Kommentator lass? Wat ass zu Käerjeng geschitt? An an an.. Wieder Detailer wéi ëmmer erëm an der neier Episod vum Podcast Buvette....more34minPlay
November 20, 2024Episod 165 - Et gëtt kalD'Roud Léiwen hu gespillt an dat heescht erëm Kritik vu ville Säiten ausser an der Buvette. De Gerson ass ee super Typ, d'Auswiesslung vum Ralph ass top an de Courage vum Holtz genau sou. Mir hunn erëm déi wichteg Saache fir dech beschwat an ausdiskutéiert: vun Insider bis hin zu dréchene Fakten....more30minPlay
November 14, 2024Episod 164 - 90 Minutte laangEt war Coup am Lëtzebuerger Land an dat versprécht ëmmer vill Flottes! Wat ass zu Jonglënster geschitt? Firwat huet den Dylan wéinst Iechternach een Ouerewuerm? Wat war mam Niwwel lass? Wéi war et zu Rouspert a wat ass bei der FLF lass? All d'Froen hunn d'Bouwe vun der Buvette erëm fir dech beäntwert! Dës Kéier och no laanger Zäit mol nees zu 3....more37minPlay
November 06, 2024Episod 163 - B steet fir BuvetteDe Ben huet eppes fir eis Fussballskultur gemaach a war an der Staat beim 352 Football Festival. Leit, déi de Fussball gären hunn, sollen heiansdo gären e Béierchen drénken a gäre braddelen. Wat wëll een och Méi. Dann hat de Ben awer nach selwer Match a kuckt wat an der BGL-Ligue lass war an den Dylan schwätzt iwwer säin Dag zu Stuttgart....more31minPlay
October 30, 2024Episod 162 - Lautrer muss du sinnEe klengen Telefon aus Stuttgart, e bësse Geläschters riets a lénks. D'Buvette huet erëm den Tour duerch d'BGL Ligue an d'Éierepromotioun gemaach an ausserdeem nach e puer Diskussiounen zum Ballon d'Or begruewen....more28minPlay
October 24, 2024Episod 161 - Wat eng Pärel!Wat eng Pärel an der BGL Ligue! Bei der Fola fale Goler, wéi aus dem Billerbuch, de Ben erreecht erëm e Meilesteen a senger Karriäre, Déifferdeng huet ëmmer nach Ee kasséiert an an an. Am Lëtzebuerger Fussball ass vill lass a genau dofir lount et sech déi nei Folleg Buvette zelauschteren....more34minPlay
FAQs about Buvette - De Fussballpodcast:How many episodes does Buvette - De Fussballpodcast have?The podcast currently has 205 episodes available.