Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen o... more
FAQs about Buvette - De Fussballpodcast:How many episodes does Buvette - De Fussballpodcast have?The podcast currently has 221 episodes available.
November 05, 2025Episod 195 - Der frühe VogelEt ass moies frei an de Ben an den Dylan huele beim Kaffi eng nei Episod op. Um Programm steet wéi ëmmer de Lëtzebuerger Fussball, mee dës Kéier awer och eng Rees Auswäerts op Düsseldorf, een Äishockeymatch vu Rosenheim an normal Kaffisgespréicher. Et gëtt driwwer geschwat wien an der BGL Ligue déi meeschte Kaarten huet, wou et geflaamt huet an nach villes méi wéi ëmmer an dëser Episod Buvette....more26minPlay
October 29, 2025Episod 194 - FetzereiD'Jonge vun der Buffet sinn nees fir dech do! No zwou laange Woche Paus kucke mir nach eemol op de Lännermatch zu Sinsheim, schwätzen iwwer dem Dylan säi Comeback am Lëtzebuerger Fussball a kucke wat leschte Weekend alles esou an eise Lige lass war. Goler, giel Kaarten, Kläppereien an nach villes méi an dëser Episod vu Buvette....more35minPlay
September 30, 2025Episod 192 - Alle OberkörperfreiAlt erëm ee Weekend mat Fussball zu Lëtzebuerg op deem et genuch z'erziele gëtt. Rouspert suergt fir déi éischt Victoire vum Racing, Déifferdeng verschenkt wichteg Punkten un Diddeleng a Nidderkuer gewënnt den Derby géint Käerjeng. Wat nach esou lass war, gëss du wéi gewinnt an dëser Episod Buvette gewuer....more30minPlay
September 24, 2025Episod 191 - Coupematcher32 Matcher an der Coupe de Luxembourg an e puer Iwwerraschunge ware mat dobäi. D'Jeunesse Esch muss an d'Eelefmeterschéissen, Käerch gewënnt sensationell mat véier roude Kaarten an nach vill weider spannend Geschichten si geschitt. Wat alles op eisen Terraine lass war, gëss du wéi gewinnt an dëser neier Episod vu Buvette gewuer....more27minPlay
September 17, 2025Episod 190 - Waars du och do?Alt erëm Lëtzebuerger Fussball an alt erëm Goler iwwer Goler a schéin Aktiounen. Rouspert geet zu Bissen ënner, Käerjeng gewënnt den Toppmatch géint Péiteng, zu Monnerech gëtt et eng sensationell Réckpass, déi zu näischt féiert an et ass nach villes méi geschitt. Wat nach alles lass war, gëss du wéi gewinnt an der neitster Episod vu Buvette gewuer....more34minPlay
September 09, 2025Episod 189 - OnverdéngtLëtzebuerg verléiert seng zwee Matcher an dat leider trotz gudde Leeschtungen. Woran hat's gelegen? Wéi kann een sou Matcher an Zukunft op seng Säit zéien a wat ass géint Däitschland dran? Dat alles a nach villes méi an der neier Episod Buvette....more24minPlay
August 27, 2025Episod 188 - Direkt an d'BluttMir si no enger klenger Tëschepaus nees fir dech do a kucken op dee leschte Spilldag am Lëtzebuerger Fussball. Rouspert gewënnt géint Nidderkuer a sprëtzt sech d'Victoire direkt an d'Blutt, wéi mir geléiert hunn. Déifferdeng huet einfach guer keng Loscht méi ze spillen, de Stade Municipal zu Dikrech gesäit aus wéi den ale Stadion vun Dresden an de Jeff Strasser ass vun elo un de Jeff National....more29minPlay
August 06, 2025Episod 186 - SpitzenreiterD'Buvette ass pünktlech fir déi nei Saison erëm fir dech do! Mir kucken an dëser Episod op d'Transferte vun der Summerpaus, Dribblinger an d'Resultater vum éischte Spilldag. Natierlech thematiséiere mir och d'Victoire vu Rouspert an hirer aktueller éischter Plaz an der Tabell....more37minPlay
FAQs about Buvette - De Fussballpodcast:How many episodes does Buvette - De Fussballpodcast have?The podcast currently has 221 episodes available.