
Sign up to save your podcasts
Or


De Freide 16. Juni 2023, ass et erëm esou weit, déi nächsten Editioun vun der Fête de la Musique fënnt statt an huet säin Optakt Moies beim Funiculaire (Arrêt: Pfaffenthal-Kirchberg). Duerch d’ganz Land, kann een Optrëtter, Concerten a verschidde musikalesch Genren entdecken. An dëser Ausgab vum CFL Podcast, schwätze mir mat der Präsidentin vun der Fête de la Musique asbl, Vanessa CUM iwwert d‘2023 Editioun vun dëser Veranstaltung..
Weider Infos fannt Dir hei:
#LXFDLM
An dëser Ausgab geet et em d’Sécherheet dei CFL hieren Client’en op den Quai’en an Sous-Terrain’en bidd. Fir desem Thema op den Grond ze goen hu mir haut Mariana bei eis. T‘Mariana ass Agent de télésurveillance bei der CFL, a mir wäerten haut iwwert d’Bornes SOS schwätzen.
No 18 Joer ass elo déi éischt vun eisen TER2N-ng Motricen „generaliwwerholl“ ginn… Fir Iech dëst wichtegt Thema méi no ze bréngen, ass de Fränz Dording bei eis am Studio gewiergt fir eis méi driwwer ze zielen, wat d’CFL a Saachen Rullmaterial ënnerhëlt fir d’Qualitéit fir hir Cliente wieder ze erhéijen.
Missions that rock - dat ass de Slogan vun der CFL hierer néier Employer Branding. Mir schwätze mam Armelle Kails an dem Joya Blum aus dem Service Recrutement vun der CFL iwwert déi néi Campagne. Wann dir direkt méi iwwert der CFL hier Employer Branding wësse wëllt da lauschtert elo eran.
Campagne Video: https://www.youtube.com/watch?v=xnatvufPdnw
Weider Informatiounen: https://www.jobscfl.lu/
D’Sécherheet ass der CFL hier éischt Prioritéit. Virun e puer Wochen hu mir mam Lëtzebuerger Rapper Maka MC e Lidd zu deem Thema erausbruecht. An dësem Podcast schwätze mir mat him an eise Kolleegen Doris Horvath a Patrick Schaack aus dem Service Sécurité, Sûreté et Environnement iwwer déi dacks ënnerschätzte Gefore bei de Gleiser.
Säit 2018 ass d'Laurence Zenner Direktesch vun der CFL cargo. Fir den Erfolleg sti fir d‘Laurence Zenner dobäi keng Stereotyppen a Geschlechterrollen am Virdergrond, mee Kompetenz, Dialog a Leadership, fir déi beschte Léisung fir hir Clienten ze fannen. Och wann de Papp gestanenen Eisebunner war, war et net d’Famill, mee de professionellen Defi am Beräich vun den Infrastrukturprojeten, déi d‘Madamm Zenner bei d‘CFL bruecht hunn. En interessante Podcast mat enger staarker Fra mat villen Talenter iwwert de Gidderverkéier zu Lëtzebuerg, seng Plaz an Europa an iwwert aktuell Defien, z.B am Beräich vun der Energie.
Et ass gutt Wierder, de Summer ass ukomm, an do ass ee jo och gäre mam Vëlo ënnerwee – mir ginn eise Nolauschterer e puer praktesch Tipps an Infos mat op de Wee ronderëm d’Thema „Vëlo an Zuch“. Mir wäerten och mat eisen Invitéen Anne Haag an Jeff Biever iwwert de Vëlosummer schwätzen a wéi eng Tier een do alles entdecke kann.
Wéider Infos:
Bike and Rail
https://www.cfl.lu/fr-fr/evasion/genericcategory/bike-rail
https://www.cfl.lu/fr-fr/news/detail/bike-rail
Vëlosummer 2022
https://www.velosummer.lu
Och wann den Zuch nach ëmmer ee vun de séchersten Transportmëttel ass, kann d’Kräizung tëschent Zuch, Gefier a Foussgänger e Risiko duerstellen, wann een sech net un de Code de la Route hält. Wéi d’CFL op dës Geforen opmierksam mécht a wéi een sech richteg verhält, fir Geforen aus dem Wee ze goen, gitt Dir an dësem Podcast gewuer.
Weider Informatiounen:
https://securite.cfl.lu
https://www.ilcad.org
Am Kader vum „Internationale Sécherheets- & Gesondheetsdag op der Aarbecht“ schwätze mir mam Dr. Marie-Paule Schneider, Responsable Santé au Travail bei der CFL, iwwert dëse wichtege Sujet. An der CFL hirer Strategie ass d‘Sécherheet déi éischt Prioritéit – a si ass net verhandelbar. Donieft ass och d’Wuelbefanne vun eise Mataarbechter wichteg a mat der Prioritéit „MIR“ an der Strategie verankert. Lauschtert eran, fir ee weidere Bléck hannert d’Kulisse vun der CFL ze kréien.
Mat der CFL Lëtzebuerg erliewen. Ganz no dësem Motto, si mir an dëser Folleg ennerwee an den Süden vum Land, dës Kéier am Parc Merveilleux zu Beetebuerg & am CNA (Centre national de l’audiovisuel) zu Diddeleng.
Weider Informatiounen:
www.parc-merveilleux.lu
www.cna.lu
Stëmme vun der Schmelz (Exposition au Pomhouse du 26.03.22 au 01.01.23)
https://cna.public.lu/fr/events/2021/svds.html
www.cfl.lu
From the publisher's feed

1 Listeners