An dëser Episod starte mir mat engem Réckbléck op mäi (Anne) Basketstage zu Barcelona. Ech erzielen vu mengen Andréck, den Trainingen, der Atmosphär an allem wat ech aus dëser Erfarung matgeholl hunn. Och wann d'Maggy dës Kéier net mat dobäi war, gouf et genuch Geschichten ze deelen.
Duerno schwätze mir iwwert en Thema, dat all Sportler kennt: Drock. Firwat verschwënnt en eigentlech ni? Egal ob an der Saison, an der Off-Season oder virun engem neie Kapitel – et gëtt ëmmer Erwaardungen, Ziler an Onsécherheeten, mat deenen ee muss ëmgoen.
An deem Kontext komme mir och op d'Dokumentatioun vum Rafael Nadal zeréck. Mir deelen eis Gedanken zu senger Mentalitéit, senger Aarbechtsethik an dem Ëmgang mat Drock op héchstem Niveau, an diskutéieren, wat mir als Sportler dovunner léiere kënnen.
Zum Schluss gëtt et méi perséinlech: D'Maggy schwätzt iwwer hir aktuell Situatioun an den Drock, deen domat verbonnen ass. Nodeems sech erausgestallt huet, datt et net wéi geplangt zu Saarlouis weidergeet, steet si virun enger onsécherer Zäit voller Froen an Entscheedungen. Eng éierlech Conversatioun iwwer d'Realitéit hannert dem Profi-Sport a wat geschitt, wann d'Zukunft nach net feststeet.
Eng Episod iwwer Erfarungen, Mentalitéit, Drock an d'Ongewëssheeten, déi de Sport mat sech bréngt