Coachseet

Coachseet

By Maggy an AnneSportsBasketball
Download on the App Store

Coachseet episodes

  • Episode 13: Gestresst, benodeelegt – an d'Reegel mécht et net besser

    Am Podcast vum Maggy an Anne schwätze mir oppen iwwert dat, wat vill betrëfft mee nach ze dacks ënner den Dësch gefall gëtt: Stress am Alldag, Ongläichheet tëscht Fraen a Männer, an och iwwert e Sujet, deen nach ëmmer tabuiséiert gëtt – d’Reegel.
    Mat Éierlechkeet, Humor an perséinlechen Erfarunge hannerfroe mir gesellschaftlech Normen, de Mental Load, an firwat Frae sou dacks „méi matdroen“. En Podcast fir ze nodenken, ze laachen an ze mierken: du bass net eleng.

    51 min
  • Episode 12: No der Néierlag: D’Stëmmung an der Ekipp

    An dëser Episod schwätze mir, d’Anne an d’Maggy, iwwert déi Momenter, déi net ëmmer einfach sinn: wann d’Ekipp verléiert. Mir deelen eis Erfarungen a schwätzen doriwwer, wéi Traineren an esou Situatioune reagéieren, wéi sech den Toun an d’Atmosphär änneren, a wéi dat d’Ekipp als Ganzt beaflosst.

    Et geet ëm Frustratioun, Drock, Kommunikatioun – mee och ëm Zesummenhalt, Léieren a Respekt. Eng éierlech Diskussioun iwwert dat, wat nom Verléiere geschitt, a wéi wichteg de richtege Ëmgang an esou Momenter ass.

    39 min
  • Episode 11: En anert Joer hannert eis – 2026 virun eis

    An dëser Episod schwätze mir kuerz iwwert dem Anne säi Match am Eurocup, ier mir zesummen e Réckbléck op eist Joer 2025 maachen. Wat ass gutt gaangen? Wat war méi schwéier? A wat hu mir doraus geléiert? Zum Schluss kucke mir no vir a schwätzen iwwert eis Ziler, Erwaardungen a Pläng fir 2026. Éierlech, reflektiv a mat enger Portioun Humor.



    50 min
  • Episode 10 : Déi legendär Episod déi souwisou keen lauschtert

    An dëser Episode schwätze mir e bëssen iwwer Basket – jo, och wann eis Zuschauerzuelen éischter wéi eng Preseason-Statistik ausgesinn. Mir huelen eis selwer net ze sérieux a maachen e klenge Geck driwwer, dass mer net méi vill Leit hunn, déi eis nolauschteren… mee déi, déi do sinn, si wéi ëmmer déi Bescht!

    Duerno dréine mir d’Blat ëm an tauchen an d’Chreschtdaagsstëmmung eran. Mir schwätzen iwwer eis eege Traditiounen, wéi mir d’Feierdeeg verbréngen, wat fir Ritualer fir eis wichteg sinn an natierlech iwwert dat wichtegst: Iessen, Famill a gutt Stëmmung.

    Eng gemittlech Episod mat Humor, e bëssen Nostalgie an engem Touch Holiday Spirit – perfekt fir an d’Stëmmung ze kommen!

    43 min
  • Episode 9: Behind the Scenes - National Team Edition

    An dëser Episode huele mir iech mat hannert d’Kulissen vun eiser Zäit mat der Nationalekipp. Mir schwätzen doriwwer, wéi eis “Fënster” ofgelaf ass – vun den intensiven Traininger bis bei déi méi roueg Momenter tëschendrun. Et geet natierlech och ëm déi vill witzeg Erfarungen, déi mir ënnerwee gemaach hunn: kleng Missverständnesser, spontan Improvisatiounen a Situatiounen, déi een einfach muss mat erliewt hunn, fir se ze gleewen.

    En anere grousse Punkt an der Episode ass den Trainerwiessel. Mir kucken dorop zréck, wéi dat intern eriwwerkomm ass, wéi sech d’Dynamik verännert huet, an natierlech fale mir och e puer humorvoll Anekdoten iwwer eis Traineren – well ouni déi géif et jo guer kee richtege Behind-the-Scenes ginn.

    42 min
  • Episode 8: Wei wichteg ass d'Ënnerstetzung vun den Eltere wann een et weit packe well?

    Am dësem Episod schwätzen mir éierlech a mat vill Häerz driwwer, wéi wichteg d’Ënnerstëtzung vun hirer Famill war op hirem Wee fir Profi-Basketballerinnen ze ginn. Vun de laangen Deeg an der Hal, iwwer emotional Héichten an Déiften, bis bei déi kleng Gesten, déi alles ausgemaach hunn – si deelen wéi Famill zesummenhalen, Motivatioun a Glawen un sech selwer zu engem richtege Erfollegsrezept ginn.

    43 min
  • Epsiode 8: Wei wichteg ass d’Ënnerstëtzung vun den Eltere wann een et weit packe well?

    Famill, Gemeinschaft, Entwécklung, Ëmfeld, Zukunft, Wäerter, Identitéit

    D'Gespréich behandelt d'Erfarungen an d'Wäerter, déi aus der Famill an der Gemeinschaft entstinn, an d'Wichtegkeet vun der perséinlecher Entwécklung an der Ëmfeld. Et gëtt och iwwer d'Herausfuerderungen an d'Zukunftsvisioun diskutéiert, souwéi d'Bedeitung vun der Identitéit.


    Takeaways


    - D'Famill spillt eng zentral Roll an der Entwécklung.

    - Gemeinschaft kann d'Perséinlechkeet beaflossen.

    - Herausfuerderungen sinn en Deel vum Liewen.

    - Identitéit ass eng wichteg Komponent vum Selbstverständnis.

    - D'Wäerter, déi mir léieren, formen eis Zesummenhang.

    - D'Erfarungen mat der Famill sinn oft komplex.

    - D'Zukunft ass ongewëss, mee mir kënnen se gestalten.

    - D'Ëmfeld huet vill Afloss op eis Entscheedungen.

    - Mir mussen d'Herausfuerderungen als Chancen gesin.

    - D'Identitéit entwéckelt sech iwwer d'Zäit.


    • ​Famill an Gemeinschaft: D'Basis vun der Identitéit
    • ​Perséinlech Entwécklung: Wéi d'Ëmfeld eis formt



    42 min
  • Episode 7: EuroCup - Training, Matcher an déi laang Reesen

     An dëser Episode schwätze mir éierlech doriwwer, wéi et eis momentan geet - sportlech an och mental. Vun intensiven Trainingseenheeten bis zu spannende Matcher am EuroCup, huele mir Iech mat hannert d'Kulisse vum Profi-Basketball. Et geet ëm d'Erausfuerderungen vun de villen Deplacementer, déi vill Stonnen am Bus oder Fliger, a wéi mir probéiere, Energie, Motivatioun an Teamgeescht z'erhalen, och wann de Rhythmus haart ass.


    44 min
  • Episode 6: Zwee verschidden Weeër, een Zil: Profisportler

    An dëser Episod huele mir iech mat op eis Reesen: d’Maggy, huet säi Wee iwwer d’Arméi fonnt, an d’Anne, hat d’Méiglechkeet, an Amerika op e College ze goen. Zwee verschidde Startpunkten, mee dat selwecht grousst Zil – Profisportler am Basket ze ginn. Mir deelen mat iech déi schéin Momenter, mee schwätzen och éierlech iwwert d’Erausfuerderungen a Risiken, déi dëse Wee mat sech bréngt.


    55 min

About Coachseet

From the publisher's feed

Am Podcast “Coachseet” huelen d’Maggy an d’Anne Iech mat op hir Rees als Profibasketballspillerinnen. Si deelen net nëmmen hir schéinsten Erliefnisser um Terrain, mee schwätzen och éierlech iwwer hier Erausfuerderungen, déi si hu misse meeschteren.