De Walpodcast

De Walpodcast

By Luxemburger WortNewsPolitics
Download on the App Store

De Walpodcast episodes

  • Episode 14: Wéi geet Regierungsbildung a wat mécht déi nei Chamber?
    Gambia ass ofgewielt: An der véierzéngter a leschter Folleg vun "De Walpodcast" hunn d’Moderatorinne Liz Mikos an Ines Kurschat de Generalsekretär vun der Chamber, Laurent Scheeck, zu Gaascht. Hie kennt de Maschinneraum vun der Demokratie, d’Chamber um Krautmaart wéi keen zweeten. Mat him schwätze mir fir d’éischt doriwwer, wéi eng Regierung gebilt gëtt: De Formateur Luc Frieden huet jo schonn zu Gespriecher agelueden. Dono geet et ëm d’Chamber an ënner anerem ëm dës Froen: Wat mécht se an der éischter Sëtzung den 24. Oktober? A wat fir een Ënnerschidd mécht et eigentlech, ob eng Partei elo Fraktiounsstäerkt huet wéi d’ADR oder se net méi huet wéi Déi Gréng? Dat war déi lescht Folleg vun De Walpodcast, deen elo bis Mëtt November eng Paus aleet. All Episode vum De Walpodcast fannt Dir ënner https://www.wort.lu/podcast/. All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/ _____________________________________ Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort _____________________________________ Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos Produktioun: Marc Blasius Musek: Christian Mertes Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes ____________________________________ Folgt eis: www.wort.lu X: @Wort_LU Facebook: @wort.lu.de Instagram: @luxemburger_wort

    See omnystudio.com/listener for privacy information.

    40 min
  • Episode 13: Lëtzebuerg wielt de Wiessel
    Gambia ass ofgewielt: An der dräizengter an virleschter Folleg vun "De Walpodcast" diskutéieren d’Modertorinnen Liz Mikos an Ines Kurschat mam „Wort“-Politikchef Marc Schlammes firwat Blo-Rout-Gréng d’Wielerinnen a Wieler net méi iwwerzeeege konnten, wat et mat der Niederlach vun Déi Gröng op sech huet an op Lëtzebuerg an d’Chamber elo méi wäit no riets rutschen. Den Donnschden den 12. Oktober erschengt De Walpodcast déi lescht Kéier fir dann eng Paus anzeleeën. All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/ _____________________________________ Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort _____________________________________ Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos Produktioun: Marc Blasius Musek: Christian Mertes Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes ____________________________________ Folgt eis: www.wort.lu X: @Wort_LU Facebook: @wort.lu.de Instagram: @luxemburger_wort

    See omnystudio.com/listener for privacy information.

    31 min
  • Episode 12: "Kanner zielen net, well se kee Kräiz maachen."
    An der zwielefter Folleg vun De Walpodcast hunn d’Moderatorinne Liz Mikos an Ines Kurschat rëm Gäscht an de Studio invitéiert, fir iwwer zwee Sujeten ze schwätzen, déi an der Walcampagne bal net virkomm sinn: d’Aarmut an d’Kanner. Mam Carole Reckinger, Sozialexpertin vun der Caritas, an dem Paul Heber, Chef vun der Kommunikatioun vun der Kannerorganisatioun Unicef Lëtzebuerg, diskutéiere mir, firwat dës Sujete kaum wouergeholl ginn, fir wat se fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg awer wichteg sinn – a wéi een dës Gruppe besser an d’Politik abanne kéint. _____________________________________ All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/ _____________________________________ Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort _____________________________________ Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos Produktioun: Marc Blasius Musek: Christian Mertes Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes ____________________________________ Folgt eis: www.wort.lu X: @Wort_LU Facebook: @wort.lu.de Instagram: @luxemburger_wort

    See omnystudio.com/listener for privacy information.

    43 min
  • Episode 11: Vum Trickle-down bei d’Voodoo-Ekonomie: Politiker streiden iwwert Steierpolitik
    An der eelefter Folleg vun De Walpodcast analyséieren d'Liz an d'Ines déi véiert a lescht Debatteronn: déi am Zentrum, dem zweetgréissten Walbezierk am Land. Mat dobäi waren d’Spëtzenkandidat:inne Franz Fayot vun der LSAP, Yuriko Backes vun der DP, François Bausch vun Déi Gréng, Luc Frieden vun der CSV, David Wagner vun Déi Lénk, Alex Penning vun der ADR an de Jerry Weyer vun der Piratepartei. Am Mëttelpunkt vum Debat stoung d’Steierpolitik, vu datt verschidde Finanzexpert:innen um Dësch souzen. Awer och d’Wuesstemsfro schielt sech ëmmer méi als eng reell Suerg eraus, och wann déi meescht Parteien op déi eng oder aner Weis de Wuesstem grondsätzlech befirwuerten. Se ënnerscheede sech nëmmen doran, wéi vill a wat fir e Wuesstem se wëllen. Mir hunn dës Kéier d’Konzept geännert a ginn Iech elo de Best of vun den Zitater – plus d’Argumenter vun de jeeweilege Kandidat:innen. Dir kënnt dësen an déi aner Debatten am Video nokucken op wort.lu _____________________________________ All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/ _____________________________________ Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort _____________________________________ Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos Produktioun: Marc Blasius Musek: Christian Mertes Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes ____________________________________ Folgt eis: www.wort.lu X: @Wort_LU Facebook: @wort.lu.de Instagram: @luxemburger_wort

    See omnystudio.com/listener for privacy information.

    23 min
  • Episode 10: “D’Steierfro spléckt weider"
    An der zéngter Folleg vun De Walpodcast analyséieren d'Liz an d'Ines déi drëtt vu véier Debatteronnen: déi am Osten, am klengste Walbezirk am Land. Mat dobäi waren d’Spëtzenkandidat:inne Paulette Lenert vun der LSAP, Lex Delles vun der DP, Henri Kox vun Déi Gréng, Léon Gloden vun der CSV, Laurent Fisch vun Déi Lénk, Alexandra Schoos vun der ADR an den Dr. Ted Schmit vun der Piratepartei. Am Mëttelpunkt vum Debat stoung d’Fro, ob den Osten, wéi d’Gesondheetsversuergung am Osten, déi vill Lacunnen opweist, wéi den Transportproblem an der Grenzregioun ka geléist an awer den Tourismus verbessert ginn. Interessant: Offensichtlech ginn et awer relativ kloer Divergenze bei der Steierpolitik tëschent de Regierungsparteien DP, LSAP an Déi Gréng. Mir hunn dës Kéier d’Konzept geännert a ginn Iech elo de Best of vun den Zitater – plus d’Argumenter vun de jeeweilege Kandidat:innen. De véierten a leschten Debat ass Donneschdesowes ëm 19.30 Auer am Zentrum an der Abtei Neimënster. Wie sech nach fir déi Debatt wëll umellen, hei ass de Link: https://wort.typeform.com/to/vjReaqw0 _____________________________________ All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/ _____________________________________ Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort _____________________________________ Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos Produktioun: Marc Blasius Musek: Christian Mertes Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes ____________________________________ Folgt eis: www.wort.lu X: @Wort_LU Facebook: @wort.lu.de Instagram: @luxemburger_wort

    See omnystudio.com/listener for privacy information.

    27 min
  • Episode 9: Elefanteronn am Südbezirk: “Wëlle mir a Bëton-Wüste liewen?”
    An der néngter Folleg vun De Walpodcast analyséieren d'Liz an d'Ines déi zweet vu véier Debatteronnen: déi am Süden, am gréisste Walbezirk am Land. Mat dobäi waren d’Spëtzenkandidat:innen Taina Bofferding vun der LSAP, Claude Meisch vun der DP, Joëlle Welfring vun Déi Gréng, Gilles Roth vun der CSV, Marc Baum vun Déi Lénk, Fernand Kartheiser vun der ADR a Marc Goergen vun der Piratepartei. Am Mëttelpunkt vum Debat stoung d’Fro, ob de Süden, deen all Moies am Stau erstéckt, dem Wuesstum nach gewuess ass, wat vun der nationaler Politik an deene Gemenge muss gemaach ginn, datt de Süden liewenswäert bleift a wat fir eng Roll d’Dezentraliséierung dobäi spillt. Den nächsten Debat ass Dënschdesowes ëm 19.30 am Osten am Trifolion ze Iechernach. _____________________________________ Umeldung Elefanteronn: https://wort.typeform.com/to/vjReaqw0 _____________________________________ All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/ _____________________________________ Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort _____________________________________ Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos Produktioun: Marc Blasius Musek: Christian Mertes Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes ____________________________________ Folgt eis: www.wort.lu X: @Wort_LU Facebook: @wort.lu.de Instagram: @luxemburger_wort

    See omnystudio.com/listener for privacy information.

    24 min
  • Episode 8: Keng Wonnerléisung am Norden
    Fir déi aacht Folleg vun De Walpodcast analyséieren d'Liz an d'Ines déi éischt vu veier Debatteronnen, nämlech déi am Norden. Mat dobäi waren d’Spëtzenkandidat:inne Stéphanie Empain vun Déi Gréng, Claude Haagen vun der LSAP, Christophe Hansen vun der CSV, Ben Polidori vun der Piratepartei, Marc Hansen vun der DP, Opalia Gara vun déi Lénk a Jeff Engelen vun der ADR. Am Mëttelpunkt vum Debat stoung d’Fro, ob den Norden e Stéifkand vun der nationaler Politik ass, wéi een den Transportproblem ka léisen a wat muss gemaach ginn, fir d’Gesondheetsversuergung an der Regioun ze verbesseren. Den nächsten Debat ass en Donneschdesowes ëm 19.30 am Süden zu Esch/Belval an der Halle des Poches à Fonte. _____________________________________ Umeldung Elefanteronn: https://wort.typeform.com/to/vjReaqw0 _____________________________________ All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/ _____________________________________ Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort _____________________________________ Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos Produktioun: Marc Blasius Musek: Christian Mertes Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes ____________________________________ Folgt eis: www.wort.lu X: @Wort_LU Facebook: @wort.lu.de Instagram: @luxemburger_wort

    See omnystudio.com/listener for privacy information.

    20 min
  • Episode 7: Mer diskutéiere mat Experten: Wéi spannend ass de Walkampf – wat sinn d’Highlights? Wat feelt?
    Fir déi siwent Folleg vun De Walpodcast schwätzen d'Liz an d'Ines mat Experten aus eiser Redaktioun iwwer de Walkampf, wéi dee sech bis elo presentéiert: Diane Lecorsais vum Lokalen, Cordula Schnuer vun der Luxembourg Times an de Wort-Chefredakter Roland Arens. An der drëtter Woch fält virun allem eppes op: De Walkampf ass erëm eng Kéier staark op Persounen zougeschnidden a manner op Inhalter. _____________________________________ All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/ Hutt Dir konkreet Froen un d’Spëtzekandidat:inne vun de Chamberwalen 2023? Da schéckt eis déi a mir stelle se de Kandidat:innen op eise véier groussen Elefanteronnen am September. Ganz einfach per Sproochnoriicht via Whatsapp: +352 691 487 303 Oder per E-Mail: [email protected] _____________________________________ Umeldung Elefanteronn: https://wort.typeform.com/to/vjReaqw0?typeform-source=www.wort.lu _____________________________________ Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort _____________________________________ Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos Gaascht: Roland Arens, Diane Lecorsais, Cordula Schnuer Produktioun: Marc Blasius Musek: Christian Mertes Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes ____________________________________ Folgt eis: www.wort.lu X: @Wort_LU Facebook: @wort.lu.de Instagram: @luxemburger_wort

    See omnystudio.com/listener for privacy information.

    39 min
  • Episode 6: Vu wegen null Bock – Wat d'Jugend un der Politik interesséiert
    An der sechster Episod vun De Walpodcast schwätzen d’Liz an d’Ines mam Liam Bremer, President vum Jugendrot, iwwer de politeschen Interessi vun der Jugend. Jugend a Politik: Passt dat iwwerhaapt beieneen? A wéi eng Theme beschäftegen déi jonk Leit zu Lëtzebuerg ganz besonnesch? Wat ass iwwerhaapt de Jugendrot? A wéi sti si zur Debatt iwwer d’Walrecht ab 16 Joer? Ausserdeem hu mir mam Florian Javel, Journalist am Politikressort, iwwer Jugendparteie geschwat. Setze si sech effektiv fir d’Jugend an, an hu jonk Vertrieder vu Parteie wierklech en Afloss op dat politescht Geschéien?   _____________________________________ All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/ Hutt Dir konkreet Froen un d’Spëtzekandidat:inne vun de Chamberwalen 2023? Da schéckt eis déi a mir stelle se de Kandidat:innen op eise véier groussen Elefanteronnen am September. Ganz einfach per Sproochnoriicht via Whatsapp: +352 691 487 303 Oder per E-Mail: [email protected] _____________________________________ Umeldung Elefanteronn: https://wort.typeform.com/to/vjReaqw0?typeform-source=www.wort.lu _____________________________________ Allgemeng iwwert d’Jugend ze Lëtzebuerg https://jugendbericht.lu/  https://www.jugend-in-luxemburg.lu/projekt/jugendbericht-2020/  https://www.jugend-in-luxemburg.lu/start-der-arbeit-am-jugendbericht-2025/  _____________________________________   Walrecht un 16 Joer un  https://www.jugendparlament.lu/wahlrecht-ab-dem-16-lebensjahr/  https://www.wort.lu/de/politik/warum-sollen-16-jaehrige-waehlen-duerfen-553127420c88b46a8ce5790a  https://www.wort.lu/de/politik/petition-fordert-wahlrecht-ab-16-jahren-5cf66091da2cc1784e3456fb  https://www.land.lu/page/article/212/8212/FRE/index.html _____________________________________   https://www.forum.lu/article/waehlen-mit-16/  https://www.jsl.lu/du-hues-naischt-ze-soen-dwahlrecht-ab-16-elo-2/  https://csj.lu/wp-content/uploads/2014/08/Wahlrecht-ab-16-Positioun.pdf  hthttps://zpb.lu/wp-content/uploads/2023/04/Politische-Partizipation_16.pdf  tps://www.change-magazin.de/de/waehlen-ab-16-pro-und-kontra-wer-ist-dafuer-wer-dagegen  https://kommunal.de/wahlrecht-ab-16   https://www.faz.net/aktuell/politik/bundestag-beschliesst-wahlrecht-fuer-europaparlament-ab-16-jahren-18454749.html  https://www.bundestag.de/dokumente/textarchiv/2022/kw17-pa-wahlrechtskommission-890198   _____________________________________ Fuerschung Walrecht:  https://impact-sowi.univie.ac.at/faecher/politikwissenschaft/waehlen-mit-16/  _____________________________________   Wat wëll d’Jugend vun der Politik an dene Parteien?  https://www.dji.de/themen/jugend/jugend-und-politik.html  https://jugendhilfeportal.de/artikel/hoert-uns-zu-wie-junge-menschen-die-politik-wahrnehmen  https://jugendbericht.lu/studie/bericht/10-herausforderungen-fuer-politik-und-praxis/  https://www.reporter.lu/luxemburg-partizipation-von-jugendlichen-es-ist-unsere-zukunft/  https://men.public.lu/dam-assets/fr/politique-jeunesse/traductions/de.pdf  _____________________________________   Demokratesch‘t Defizit  https://www.forum.lu/wp-content/uploads/2017/07/375_Lorang.pdf  https://www.tageblatt.lu/headlines/luxemburg-hat-ein-erhebliches-demokratiedefizit/  _____________________________________   Jugend-Organisatiounen  https://www.jugendrot.lu/  https://www.jugendparlament.lu/  http://www.unel.lu/  https://acel.lu/  _____________________________________ Jugendparteien  https://www.jsl.lu/  https://www.jonkdemokraten.lu/  https://csj.lu/  https://jonkgreng.lu/  https://adr.lu/adrenalin/  Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort _____________________________________ Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos Gaascht: Liam Bremer & Florian Javel Produktioun: Marc Blasius Musek: Christian Mertes Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes ____________________________________ Folgt eis: www.wort.lu X: @Wort_LU Facebook: @wort.lu.de Instagram: @luxemburger_wort

    See omnystudio.com/listener for privacy information.

    41 min
  • Episode 5: Lëtzebuerg sicht de Superstar oder Walkampf – wéi geet dat eigentlech?
    Fir déi fënnefte Folleg vum Walpodcast schwätzen d'Liz an d'Ines mat zwee Experten, déi selwer an enger Walkampfzentral souzen: De Marc Glesener ass e fréiere Wort-Chefredakter a Journalist, Walkampfmanager fir d’CSV, an haut Kommunikatiounsstrateg. Den Abbes Jaboby ass Generalsekretär vun Déi Gréng. Hien huet d’Partei mat opgebaut, se grouss gemaach a se duerch verschidde Wale begleet. Déi zwee Experten erzielen eis, aus wat fir engem Stoff d’Dreem vu Politiker a Parteie sinn, wéi ee richteg Walkampf féiert, an och op wat et beim Choix vun engem Kandidat oder enger Kandidatin ukënnt – a wat ee mécht, wann een d'Wal verléiert. _____________________________________ All Infoe ronderëm d‘Chamberwalen: www.wort.lu/tag/chamberwahlen-2023/ Hutt Dir konkreet Froen un d’Spëtzekandidat:inne vun de Chamberwalen 2023? Da schéckt eis déi a mir stelle se de Kandidat:innen op eise véier groussen Elefanteronnen am September. Ganz einfach per Sproochnoriicht via Whatsapp: +352 691 487 303 Oder per E-Mail: [email protected] _____________________________________ Umeldung Elefanteronn: https://wort.typeform.com/to/vjReaqw0?typeform-source=www.wort.lu _____________________________________ Weéi geet Wahlkampf? _____________________________________ https://zpb.lu/wp-content/uploads/2020/09/Campagne-%C3%A9lectorale-FR-31.08.2018.pdf _____________________________________ https://www.bpb.de/themen/politisches-system/wahlen-in-deutschland/335673/wahlkampfmanagement/ _____________________________________ https://www.hanisauland.de/wissen/lexikon/grosses-lexikon/w/wahlkampf.html _____________________________________ https://kommunal.de/kommunalwahlen-last-minute-tipps _____________________________________ Sozial Netzwierker https://www.ndr.de/fernsehen/sendungen/zapp/Digitale-Strategien-der-Parteien,sendung1171466.html _____________________________________ Faire Walen – wat heescht dat? https://www.liberties.eu/en/stories/free-and-fair-elections/43642 https://www.lpb-bw.de/publikation3529 https://fraendag.lu/geschichte/1911-1919/ _____________________________________ Walobservatorium https://www.wort.lu/de/politik/frauen-muessen-in-diesem-wahlkampf-sichtbarer-werden-6405c26ede135b9236f33b1a https://www.cnfl.lu/files/90720.pdf _____________________________________ Walofkommes https://assets.volteuropa.org/2023-01/wahlkampfofkommes.pdf https://www.wort.lu/de/politik/das-sind-die-spielregeln-fuer-einen-fairen-wahlkampf-63cec3b6de135b92364436b https://www.tageblatt.lu/headlines/maximal-100-000-euro-abkommen-soll-fairen-und-sachlichen-wahlkampf-sichern/ _____________________________________ Smartwielen.lu wird ab dem 8.9.2023 für alle Nutzerinnen und Nutzer online sein. _____________________________________ Umeldung Elefanteronn: https://wort.typeform.com/to/vjReaqw0?typeform-source=www.wort.lu _____________________________________ Dëse Podcast ass eng Produktioun vum Lëtzebuerger Wort _____________________________________ Redaktioun & Host: Ines Kurschat und Liz Mikos Gaascht: Marc Glesener & Abbes Jakoby Produktioun: Marc Blasius Musek: Christian Mertes Cover Design: Mara Mohnen und Christian Mertes ____________________________________ Folgt eis: www.wort.lu X: @Wort_LU Facebook: @wort.lu.de Instagram: @luxemburger_wort

    See omnystudio.com/listener for privacy information.

    59 min

About De Walpodcast

From the publisher's feed

D'Ines an d'Liz, zwou Journalistinne vum "Lëtzebuerger Wort", begleeden am "Walpodcast" d'Campagne fir d'Chamberwalen bis den 8. Oktober 2023. Si diskutéiere mat Experten iwwer d'Spëtzekandidaturen, kucken, wéi eng Campagne opgebaut ass a wéi eise Walsystem fonctionnéiert a maachen de Bilan vu "Gambia 1" a "Gambia 2". Als Nolauschterer a Lieser kënnt Dir matmaachen! Schéckt eis Är Froen un d'Spëtzekandidaten a mir stellen se de Politiker bei eise véier Diskussiounsronnen am September!