November 2023. D'Cilia kämpft um Judo Youth Cup U15. Wéi et fir hatt op Kompetitiounen ëfters de Fall ass, gëtt hatt vun enger ganzer Ekipp begleet. Den Arnaud Grisier, Trainer vum Judo Club zu Stroossen, de Franz Kofler, 28x Landesmeeschter an Éisträich a Coach vum Cilia, an natierlech seng Elteren. Si zielen eis seng Geschicht.
Fir Para-Sportler*innen ass et awer eigentlech méi üblech, eleng ze sinn, well et einfach net genuch Leit ginn, déi am Para-Sport aktiv sinn. De Christophe Ley, Professer fir ugewant Statistik op der Universitéit Lëtzebuerg, erklärt eis wéi dat de Para-Sport zeréckhällt. Mir léieren och de Joël Adams kennen, e Lëtzebuerger Para-Vëlosportfuerer, deen, wéi d'Katrin Kohl, de Philippe Hein an de Matteo Scuto, fir e Slot zu Paräis 2024 kämpft.