Dës Woch dréint sech alles ëm de Klima. Mir schwätzen iwwert Preparativen zur UN-Klimakonferenz zu Madrid a beliichten d'Hannergrënn vun den Diskussiounen, déi do wäerte gefouert ginn. Wat mussen déi eenzel Länner elo op den Dësch leeën, fir de Prozess weiderzebréngen a wat huet et mat deenen ominéisen 100 Milliarden Dollar op sech, déi am Fong sollten deblockéiert ginn? Ausserdeem schwätze mir iwwert d'Méiglechkeet, de Klima mat enger CO2-Steier ze retten. Wéi kéint esou eng Steier ausgesinn a wéi kéint se sozial gerecht gestalt ginn?