Mir feieren déi 100. Episod vun eisem Podcast. Dës Kéier gi mir dofir op eis aktuell Kampagne „D‘woxx vu muer“ an. Véier vun eisen Journalist*innen erzielen iwwert déi Aspekter, déi hinnen besonnesch wichteg sinn: D‘woxx als Virreiderin am Digitalen, de Geschäftsmodell vum Zeitungsmaachen zu Lëtzebuerg, den Emgang mat der Sprooch an eisen Texter an eis Resilienz, déi mir während der Covid-19-Kris besonnesch mat eisem Agendadeel hu missen ënnert Beweis stellen. Donieft gitt dir gewuer, wéi dir d‘woxx ënnerstetzen kënnt. Vue, datt mir dës Episod mat enger Videokonferenz-Software opgeholl hunn, ass d‘Qualitéit plazeweis net immens – mir bieden dat ze entschëllegen!