Um Cover vum Agendadeel vun der woxx ass dës Woch ee grousse Koup Kouschäiss. Ass dat ee Symbol dofir, wéi mir d'Quarantän fannen? Nee, et geet ëm Konscht, an eng virtuell Expo, déi sech d'Isabel Spigarelli dës Woch ugekuckt huet. Mir diskutéieren dës Woch, wéi et ass, sech just nach um Computer duerch Muséeën ze beweegen a wat d'Vir- an d'Nodeeler dovunner sinn, dëst ze maachen. Donieft erkläre mir, wisou d'woxx dës Woch bal net erauskomm wier an dach méi fréi wéi normal an der Bréifkëscht gelant ass. Vir all déi, déi nach Kulturprogramm fir de laange Weekend brauchen, hu mir och e puer Tipps zesummegesicht.