De 24. Mäerz 2015 sollt de Vol 9525 vu Germanwings regulär vu Barcelona op Düsseldorf fléien. 145 Passagéier a 6 Crewmembere waren op dësem Vol. Alles leeft normal bis de Pilot d'Steier un de Co-Pilot iwwergëtt a kuerz aus dem Cockpit geet. Dëst wär u sech näischt Besonnesches, mee wat kee wosst ass, dass de Co-Pilot, den Andreas Lubitz ënner Depressiounen an anere psycheschen Erkrankunge gelidden huet. Sou späert dësen sech eleng am Cockpit an a bréngt d'Maschinn an de franséischen Alpe gezielt zum Crashen. Keen u Bord sollt iwwerliewen. Wéi konnt et dozou kommen, dass kee bemierkt huet, dass de Co-Pilot u sech net hätt duerfe fléien? Wéi konnt hien de Pilot ausspären? All dës a wieder Froe versiche mir an dëser Episod vu Loscht op Mord ze klären.