Virun enger Woch ass een éischten Tëschebilan vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch 2022 gezu ginn. No engem Wiessel vum Team a villen Diskussioune wollt ee weisen, datt elo alles riicht géif lafen. Allerdéngs war déi Präsentatioun éischter mat enger Disneyland-Attraktioun ze vergläiche wéi mat enger Pressekonferenz. Mir schwätzen haut doriwwer, wisou dat esou war a wat fir Problemer nach ëmmer bestinn. Dat sinn engersäits d‘Finanzen an anerersäits onbegrënnte Virwërf géigeniwwer de fréiere Coordinateur*innen.