Ey gars

Ey gars

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Ey gars episodes

  • Wat soll mam Timmy geschéien?
    Zënter Wochen hänkt de Wal Timmy an der Ostsee fest a kënnt net méi fort. Vill Fräiwëlleger probéieren zanterdeem him ze hëllefen. Mee wéi ass et mat de Jugendlechen, hu si dat iwwerhaapt matkritt a wéi enger Meenung si si? Sollt een dem Wal hëllefen oder soll een der Natur léiwer fräie Laf loossen?
    0 min
  • K-Pop
    Déi südkoreanesch Popmusek gëtt ëmmer méi beléift. Och hei zu Lëtzebuerg? De Simon Larosche wollt vun de Jugendleche wëssen, ob si dës Musek lauschteren oder och Fan vun der Kultur ronderëm sinn.
    6 min
  • Wéi fillt ee sech, Wochen nom 16. Gebuertsdag?
    An engem viregten Episod hat sech de Simon Larosche d'Fro gestallt, wat sech alles mat dem 16. Gebuertsdag ännert. Dës Woch wollt hie wëssen, wéi ee sech dann elo e puer Wochen no dësem wichtege Gebuertsdag fillt?
    7 min
  • Et geet an de Gaart
    Wat halen déi Jugendlech vu Gäert an hëllefen si och am Gaart? Oder ginn se léiwer an d'Gréngt fir ze entspanen? De Simon Larosche huet nogefrot.
    5 min
  • Ramadan
    De Faaschtemount vun de Muslimen ass nach bis den 19.03 um gaangen. Dofir wollt de Simon Larosche vun de Jugendleche gewuer ginn, wat si driwwer wëssen oder ob si och selwer matmaachen.
    6 min
  • D'Situatioun am Noen Osten
    Wat wëssen déi Jonk iwwer den aktuelle Krich an der Regioun? Wat sinn d'Grënn a wien ass iwwerhaapt dru bedeelegt? De Simon Larosche war ënnerwee an huet bei de Jugendlechen nogefrot.
    6 min
  • Internationalen Weltfraendag
    Wat soen déi Jugendlech zum Weltfraendag a gi si op d'Marche Féministe, déi op dësem Dag organiséiert gëtt. A wat sinn och hir weiblech Virbiller? De Simon Larosche huet sech nees mam Mikro op de Wee gemaach an nogefrot.
    6 min
  • Roboter am Stot?
    Verschidde Firmen hunn ugekënnegt, datt se 2026 Roboteren op de Marché wëlle bréngen, déi am Stot hëllefe kënnen. Wéi fannen déi Jugendlech déi Iddi? Wier dat eppes, wat si géifen notzen oder gesi si do och Problemer? De Simon Larosche huet nogefrot.
    6 min
  • Wat ännert mam 16. Gebuertsdag?
    Grad wann ee Jonk ass, ginn et eng ganz Partie Gebuertsdeeg, déi Saachen änneren. Et dierf een dann zum Beispill Saache maachen, déi ee virdrun net huet dierfen. De 16. Gebuertsdag ass esou eng wichteg Etapp. Wéi fillt ee sech dann no dësem groussen Dag? De Simon Larosche wollt dat wëssen.
    8 min
  • Weltradiodag
    Den 13. Februar ass de Weltradiodag. An deem Kontext ass de Simon Larosche lassgaangen an huet mat de Jugendlechen doriwwer geschwat, ob si Radio lauschteren a wa jo, wéi?
    6 min

About Ey gars

From the publisher's feed

De Simon schwätzt mat der Jugend.