Ey gars

Ey gars

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Ey gars episodes

  • Genderneutral Toiletten
    En Theema iwwert dat an der lescht vill geschwat gouf. Mee wat soen déi Jugendlech dozou? Halen si dat fir eng gutt Iddi? De Simon Larosche huet nogefrot.
    6 min
  • 25 Joer Wikipedia
    25 Joer feiert mëttlerweil schonn d‘Internet-Enzeklopedie Wikipedia. Well awer ëmmer méi Leit hir Infoen duerch eng kënschtlech Intelligenz raussiche loossen, ass den Traffik op der Säit ëm e gutt Stéck erofgaangen. Mee wéi ass et bei de Jugendlechen. Ginn si nach vill op Wikipedia? De Simon Larosche huet nogefrot.
    5 min
  • Chrëschtmäert
    Eppes, wat mëttlerweil fir vill Leit fest an d'Chrëschtzäit gehéiert, sinn d'Chrëschtmäert. Mee wéi bei allem ginn déi ëmmer méi deier. Wéi gesinn déi Jugendlech dat, kënne si sech op deene Mäert iwwerhaapt nach eppes leeschten? De Simon Larosche war nees mam Mikro ënnerwee.
    6 min
  • Sproochen an de Schoulen
    Muer (03.12.) gëtt an der Chamber de Projet de Loi iwwer d’Alphabetiséierung op Franséisch gestëmmt. Sollt deen ugeholl ginn, besteet an Zukunft d‘Méiglechkeet, datt d’Kanner schonn am éischte Schouljoer op Franséisch schreiwen a liese léieren, am Plaz vum Däitschen. Fir den Ey Gars wollt de Simon Larosche vun de Jugendleche wëssen, wéi et da mat de Sproochecoursen am Secondaire ass.
    6 min
  • Hausaufgaben
    Viru Kuerzem hate sech Eltere beschwéiert, datt d'Kanner ze vill Hausaufgaben an der Primärschoul hätten. Mee wéi ass et am Lycée? De Simon Larosche huet mat de Jugendlechen doriwwer geschwat.
    6 min
  • Klimawandel
    Et gëtt vill iwwer de Klimawandel geschwat. Mee geschitt och genuch fir eppes dogéint ze maachen? De Simon Larosche huet bei de Jugendlechen nogefrot.
    5 min

About Ey gars

From the publisher's feed

De Simon schwätzt mat der Jugend.