Dës Woch schwätze mir iwwert d'Fantom-Investissementer zu Lëtzebuerg. Et ginn nämlech esou vill auslännesch Investissementer am Land, datt déi guer net all an der realer Wirtschaft stieche kënnen. Dat geet aus engem Artikel vum internationale Wärungsfong ervir. Mir hunn eis ugekuckt, op den Titel "financial death star of Europe" Lëtzebuerg ëmmer nach gerecht gëtt an diskutéieren iwwert Fro, op de Pierre Gramegna de néien Darth Vader ass.
Ausserdeem erkläre mir, wat et mat deene Fantom-Investissementer op sech huet a wisou déi och zum Beispill fir d'Nord-Süd-Gerechtegkeet enorm schiedlech sinn. Een anert Thema ass d'Fro, ob sech kuerzfristeg eppes un der lëtzebuergescher Politik, fir ëmmer nei Steiernischen ze kreéieren, ännere wäert.