
Sign up to save your podcasts
Or


Et ass 1917 – kuerz virum Enn vum éischte Weltkrich.
D'Leit zu Lëtzebuerg ginn net anstänneg bezuelt an d'Iesse kënnt net méi op den Dësch. Uechter de Minett organiséieren d'Gewerkschaften ëmmer méi heefeg Streiker an Demonstratiounen.
Et sinn déi éischt vun enger ganzer Serie, déi d'Tëschekrichszäit prägen. Demonstratiounen, déi sou wuel vun Erfolleg wéi och vu Scheitere gezeechent waren.
Trotzdeem géif et haut zu Lëtzebuerg keng richteg Streikkultur ginn, erkläert de Guy Castegnaro, Affekot fir Aarbechtsrecht. D'Colette Kutten, déi sech an den 80er Joren am Mouvement de Libération des Femmes (MLF) engagéiert huet, an d'Gabrielle Antar, Matbegrënnerin vun "Déi Aner" a vum Waassermeloun-Kollektiv, erzielt, firwat et och haut nach wichteg ass, sech fir eppes anzesetzen.
D'Nora Back, Presidentin vun der Chambre des salariés, de Frederik Krier, Historiker vum OGBL, mee och de Robert Schneider, fréiere Journalist, schwätzen iwwert d'Evolutioun vun de Gewerkschaften an de Streiker an eisem Land.
De Michel Wurth vun ArcelorMittal Lëtzebuerg an de Jean-Claude Juncker ergänzen dëst mat hire Familljenerënnerungen vun der Stëmmung, déi zur Zäit vun der Stolkris geherrscht huet.
Net ze vergiessen: De Benoît Majerus, Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg, erzielt, wéi aus engem Crash op der Bourse schonn 1929 d'Lëtzebuerger Finanzplaz gebuer gouf.
Merkur vun der Chambre de Commerce: https://merkur.lu/
Et ass de 14. September 1910 – an zu Esch ass fatzeg eng lass.
Am Quartier Grenz gouf eng Koppel, déi mat Kuel handelt, brutal ermort. D'Police hadert domat, erauszefannen, ween den Täter ass. An dat iwwer Joren: Gesicht gëtt bei den Aarbechter*innen, mee de Mäerder ass een eemolege Polizist.
E Mord, deen net vum Wuesstum vun der Stolindustrie an dem verännerte soziale Klima ze trennen ass, wéi de Jérôme Quiqueret, Auteur vum Buch "Tout devait disparaître", eis an dëser Episod erzielt.
De Fall ass nämlech e Symptom vun den Upassungsschwieregkeeten zu engem Moment, wou grad e puer Männer aus eisem Ländchen hiert Spillfeld maachen.
Wéi a wisou et zu deene Probleemer komm ass – a wat dorauser entstoe konnt – deem ass d'Sherley op d'Spuer gaangen. De Carlo Thelen vun der Chambre de Commerce an de Michel Wurth vun ArcelorMittal erziele méi iwwert déi Industriell, déi hannert dësem Wuesstum stiechen. De Stefan Krebs an de Benoît Majerus, allen zwee Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg, ginn an den Detail iwwer d'Finanzéierung vun der Stolindustrie an d'Main d'Oeuvre, déi béid dacks aus dem Ausland koumen.
Ma och déi sozial Dimensioun dierf net vergiess ginn. Doriwwer schwätzen de Guy Castegnaro, Affekot am Aarbechtsrecht, an de Robert Schneider, pensionéierte Journalist, ma och de Jean-Claude Juncker, fréiere Lëtzebuerger Premier a EU-Kommissiounspresident.
Merkur vun der Chambre de Commerce: https://merkur.lu/
Eis Geschicht fänkt am Joer 1882 un.
Den Norbert Metz a Victor Tesch decidéieren: Zu Diddeleng gehéiert eng Schmelz hin. Dorauser entstanen ass e bléiende Stolkomplex, deen sech ëmmer rëm weiderentwéckele misst.
Haut ass d'Schmelz ausser Betrib. Schlofe mécht se awer net. Wat elo do geschitt, ass sech d’Sherley am VeWa ukucke gaangen. De Kënschtler Thomas Steinmann a de Serge Ecker vun DKollektiv erzielen eis vun hirem Projet.
Mee genau sou, wéi et e Lëtzebuerg no der Schmelz gëtt, gouf et e Lëtzebuerg virun der Schmelz. An zwar eent, dat sech selwer versuerge misst. Doriwwer schwätze mer mam Percy Lallemang vum Peppenger Baueren- an Handwierksmusée. Hie kuckt zeréck eis op déi éischt agraresch Wuerzele vun eisem Ländchen.
Donieft erzielt d'Sylvie Hamus, Schneiderin a Präsidentin vun der Meechterprüfungskommissioun, dovunner, wéi hir Virfaren d'Vollek gekleet huet, wärend de Georges Ginter vun der Gebuert vun der Textilindustrie schwätzt an de Carlo Thelen vun der Chambre de Commerce z‘illustréie weess, wéi d'Handwierks- an Handelslandschaft am 19. Joerhonnert ausgesinn huet.
A wéi déi fréi Stolindustrie da schlussendlech ausgesinn huet, dat erzielt eis de Michel Wurth vun ArcelorMittal.
Merkur vun der Chambre de Commerce: https://merkur.lu/