Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
D'Humanities, ongeféier gläichbedeitend mat "sciences humaines" oder "Geisteswissenschaften", si vun den Unversitéiten net ewechzedenken, well se eis nei Erkenntnesser iwwert eis selwer bréngen: iwwer... more
FAQs about Humanities Talk:How many episodes does Humanities Talk have?The podcast currently has 53 episodes available.
June 03, 2018Textilhandel an der réimescher ZäitDe Jan Lotz fuerscht iwwer den Handel a Gallien an der réimescher Zäit. Dobäi versicht hien och, d'Bezéiungen an d'Netzwierker tëscht den Handelsfamillen ze rekonstruéieren. Besonnesch geet et dobäi ëm den Textilhandel....more0minPlay
April 08, 2018De Lëtzebuerger Paysagist Eugène MoussetDen Eugène Mousset war en Escher Moler, deen an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert aktiv war. Hien huet sech besonnesch op Lëtzebuerger Landschafte spezialiséiert. Bei Geleeënheet vum Buch, dat d'Laure Caregari an de Luciano Pagliarini zu him erausginn hunn, ënnerhält d'Renée Wagener sech mat hinnen....more30minPlay
February 18, 2018D'NEETs - eng vulnerabel Grupp vu JonkenNEET - ni en éducation, ni en emploi, ni en formation - mat dësem Begrëff gi ganz ënnerschiddlech Motivatioune vu jonke Leit bezeechent, déi ausserhalb vun Educatiouns- an Aarbechtswelt liewen. D'Laetitia Hauret an de Romain Maas vum LISER hunn eng Etude zu deem Phänomen gemaacht. D'Renée Wagener schwätzt mat hinnen....more30minPlay
February 04, 2018D'Geschicht vum CNA senger Kollektioun vun Amateur-BillerD'Françoise Poos huet sech ënner anerem als Curatrice vill mat Foto a Film ausernanergesat. Och an hirer Dissertatioun steet d'Bild am Zentrum: Unhand vun der Geschicht vum Centre national de l'audiovisuel, senger Kollektioun vun Amateurbiller an der Ausstellung "Hidden Images" ënnersträicht si, datt Biller net nëmmen eng esthetesch Valeur hunn, mee och e soziale Kontext, deen et gëlt, bei hirer Analys an Duerstellung anzebezéien....more30minPlay
November 05, 2017Eng nei Mise en scène fir d'Buerg vu VeianenWéi stellt een eng Buerg, déi eng Rei vu Joerhonnerten um Bockel huet, engem moderne Public vir? A wéi wäit ass d'Buerg vu Veianen exemplaresch fir geschichtlech Entwécklungen an Europa an där laanger Zäit? Doriwwer geet et am Gespréich mam Historiker Pit Péporté, deen un där neier Ausstellung vun der Buerg matgeschafft huet. D'Renée Wagener féiert duerch d'Gespréich....more30minPlay
September 17, 2017Am Grupp Sprooche léierenAmplaz am Sproochecours duerch Theater Sprooche léieren, dat wor d'Konzept vun engem pedagogesche Projet, mat deem sech den Dany Weyer befaasst. D'Renée Wagener schwätzt mat him iwwer seng Beobachtung, datt d'Léieren sou net nëmme vill méi Spaass mécht, mee datt d'Kanner dobäi nach perséinlech gestäerkt ginn an Diversitéit am Grupp positiv erliewen....more30minPlay
August 13, 2017Den Hubert Ritter, en nationalsozialisteschen Urbanist zu LëtzebuergDen Architekt an Urbanist Hubert Ritter war nëmmen e puer Joer zu Lëtzebuerg, mä dofir an enger markanter Zäit: Hien huet am Zweete Weltkrich ënnert der nationalsozialistescher Besatzung e "Generalbebauungsplan" fir Lëtzebuerg ausgeschafft. Den Historiker Stefan Heinz huet sech mat dëser Aarbecht an hiren Nowierkungen ausenanergesat. D'Renée Wagener ënnerhält sech mat him....more30minPlay
July 30, 2017E Sozialist am Éischte Weltkirch: dem Michel Welter säi Journal de guerreDem Michel Welter seng perséinlech Andréck vum Éischte Weltkrich, déi hie vun 1914 bis 1916 notéiert huet, sinn net nëmmen e raart Dokument iwwer de chronologeschen Oflaf vum Krich. Si liwweren och Ablécker an déi politesch Entwécklungen zu Lëtzebuerg an an déi sozial Kris während dem Krich. D'Literaturwëssenschaftlerin a laangjäreg Direktesch vum Nationale Literaturarchiv Germaine Goetzinger verzielt dem Renée Wagener, wéi si bei hirer Aarbecht fir d'Editioun vun dësem Tagebuch virgaangen ass....more29minPlay
July 23, 2017Mat engem grousse K? Kulturpolitik zu Lëtzebuerg zënter 1945D'Geschicht vun der Lëtzebuerger Kulturpolitik ass déi vun enger laangwiereger Emanzipatioun: Et huet vill Joerzéngte gebraucht, bis zu engem selbstännege Kulturministère an zu enger proaktiver Kulturpolitik. Wéi sech an dëser Entwécklung d'Konzeptioune vu Kultur verännert hunn, domat huet sech de Fabio Spirinelli auserneegesat. D'Renée Wagener ënnerhält sech mat him iwwert déi Verännerungen....more30minPlay
July 09, 2017Schaffen ënnert dem Hitler-RegimeWéi huet sech déi Lëtzebuerger Aarbechtspolitik ënnert dem nationalsozialistesche Régime 1940-1944 geännert? Ware fir den Nazi-Regime an de Besatzunggebidder just wirtschaftlech Iwwerleeunge wichteg, oder sinn et och ideologesch Consideratioune ginn? Doriwwer schwätzt d'Renée Wagener mam Historiker Marc Schoentgen....more30minPlay
FAQs about Humanities Talk:How many episodes does Humanities Talk have?The podcast currently has 53 episodes available.