Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
D'Humanities, ongeféier gläichbedeitend mat "sciences humaines" oder "Geisteswissenschaften", si vun den Unversitéiten net ewechzedenken, well se eis nei Erkenntnesser iwwert eis selwer bréngen: iwwer... more
FAQs about Humanities Talk:How many episodes does Humanities Talk have?The podcast currently has 53 episodes available.
July 02, 2017Wéi cool ass de Musée fir Jonker?Jonker hunn ënnert den Ziilgruppe vun de Muséeën dacks net d'Nues vir. Dat ass och eng Fro vun der Musées-Kultur, déi si vermëttelt kréien. D'Renée Wagener schwätzt mat der Laurence Brasseur, déi eng Etüde iwwer deene Jonken hir Attitüd zum Musée gemaacht huet....more30minPlay
June 04, 2017Glécklech Famillen - den zentrale Message vun den AmateurfilmerD'Famill steet am Mëttelpunkt vun den Amateurfilfmer. Déi eege Kanner, Familiememberen, Hochzäiten a Kommunioune maachen dës Form vu private Filmkreatiounen aus. D'Mediewëssenschaftlerin Danièle Wecker huet sech op der Basis vun enger Collectioun vum CNA iwwer 500 där Filmer ugekuckt an se analysiéiert....more30minPlay
May 14, 2017D'Schmelz am FokusAm Ufank hunn d'Leit nach fonnt, Industriekamäiner hätten näischt op de Fotoe mat idyllesche Lëtzebuerger Landschafte verluer. Mä lues a lues ass d'Schmelz zu engem Symbol fir d'Lëtzbuerger Reussite ginn. De Frederik Herman an d'Ira Plein vun der Uni Lëtzebuerg, déi sech mam Konzept vum "Cultural Learning" beschäftegen, hunn déi didaktesch Roll vun de Fotoe an der deemoleger Gesellschaft analyséiert. D'Renée Wagener ënnerhält sech mat hinnen....more29minPlay
May 07, 2017"Horte der Unsittlichkeit"D'Politikwëssenschaftlerin Heike Mauer huet sech mat der Ausernanersetzung zur Prostitutioun um Ufank vum 20. Joerhonnert befaasst. Dobäi huet si ënnersicht, firwat grad auslännesch Fraen an de staatleche Collimateur gerode sinn an dacks aus dem Land ausgewise goufen.D'Renée Wagener ënnerhält sech mat der Wëssenschaftlerin....more30minPlay
April 23, 2017De laange Schiet vun der ZwangsrekrutéierungD'Zwangsrekrutierung am Zweete Weltkrich an den Erënnerungskulturen vu Lëtzebuerg, der Ostbelsch an dem Elsass vun 1944 bis 2015, dat wor der Historikerin Eva Klos hiert Doktorats-Thema. Dobäi goung et net nëmmen ëm de Verglach vun der Aart a Weis, wéi sech an deenen dräi Gebidder Veräiner gebild hunn, déi fir eng Unerkennung vun den Zwangsrekrutéierten als Opfergrupp a fir eng adequat Entschiedegung gekämpft hunn, mee och ëm dat individuellt Erënnere vun den Zäitzeien....more30minPlay
March 12, 2017Déi fräi Gewerkschaften – en Archiv-Fond an eng GeschichtEt ass net dat éischt kommemoratiivt Wierk zur Entstehung an Entwécklung vun de sougenannte fräie Gewerkschaften, aus deene spéiderhin den "Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg" ervirgaangen ass. Mee an deem décke Band, dee viru kuerzem erauskoum, sinn d'Resultater vun neie Recherchen ze fannen, wéi zum Beispill zur Haltung vun de Gewerkschaften am Zweete Weltkrich, zum Apport vun der Immigratioun oder vun de Frontaliere fir d'Syndikater. D'Historiker Denis Scuto an Arnaud Sauer ginn op eng Rei vun dësen Themen an, beschreiwen awer och d'Aarbecht mam gewerkschaftlechen Archivmaterial. D'Renée Wagener schwätzt mat hinnen....more30minPlay
March 05, 2017Den Tëtelbierg - eng zentral Plaz vum trevireschen TerritoireDen Tëtelbierg wor virun zwee Joerdausenden net einfach eng vu verschiddene groussen trevireschen Usiidlungen, mee e politeschen Zentrum vum trevireschen Territoire - dat weisen d'Resultater von den archeologeschen Aarbechten aus de leschte Joerzéngten. D'Renée Wagener schwätzt mat der Catherine Gaeng an dem Jeannot Metzler iwwert d'Resultater vun de Fuerschungen, déi de "Centre national de recherche archéologique" rezent am Buch "L'espace public du Titelberg" erausginn huet....more29minPlay
February 19, 2017Eng schwiereg Geschicht: Anäscherung zu LëtzebuergObwuel et an der Bibel keng Virschrëften dozou gëtt, war d'Anäscherung als Alternativ zur klassescher Bäisetzung zënter dem 19. Joerhonnert e Politikum: Während déi kathoulesch Kierch vehement dogéint agetratt ass, hu sech virun allem Fräidenker fir d'Anäscherung agesat. D'Renée Wagener schwätzt mam Historiker Thomas Kolnberger iwwert de laange Wee vum Kulturkampf bis zur Normaliséierung vun där Praxis....more30minPlay
February 05, 2017E Musée fir d'Lëtzebuerger Architektur"Lëtzebuerger Architektur-Musée" - sou nennt sech eng Initiativ, déi sech fir d'Dokumentéiere vun der Aarbecht am Beräich vun Architektur, Urbanismus an Ingénierie asetzt. Gesammelt gi Pläng, Maquetten an aner Quellen, déi d'Wierk vun de Leit vum Fach kënnen erklären an duerstellen. D'Renée Wagener ënnerhält sech mat der Anne Stauder, dem Alain Linster an Thomas Warschauer iwwer hire Projet....more30minPlay
January 08, 2017De Robert vu Monreal, Abt vun Iechternach am 16. JoerhonnertAm 16. Joerhonnert war d'Trennung vu Kierch a Staat nach keen Thema. De Robert vu Monreal, Abt vun Iechternach, war net nëmmen e wichtege reliéisen, mee och en aflossräiche politeschen Acteur. D'Historiker Pol Schiltz an Al Estgen hunn en neit Urkunden- a Quellebuch zu där Epoch vun der Abtei zesummegestallt. De Pol Schiltz ass am Gespréich mam Renée Wagener....more30minPlay
FAQs about Humanities Talk:How many episodes does Humanities Talk have?The podcast currently has 53 episodes available.