Hei d'Theme vum Méindeg, mat virop Paräis:
- Den 1. Dag vum neigewielte franséische President Emmanuel Macron. Mat Reaktiounen.
- Wéi steet d'Partei vum Jean-Luc Mélenchon zum Macron? (Reaktioun vun enger Vertriederin vun "La France insoumise", déi am Juni mat an d'Chamberwahle geet).
- D'Lëtzebuerger Studenten zu Paräis freeë sech iwwert de Vote ...
- Wäiss ofginn: E Portrait vun engem Mann, deen zu Lëtzebuerg geschafft huet an um Sonndeg wäiss ofginn huet
-Wéi gesäit d'Nasa d'Erfuersche vum Weltall?
- Wéini kritt d’Uni Lëtzebuerg en neie Recteur?
- De Ben Gastauer fiert säi 4. Giro
- Zënter 27 Méint falen d'Chômagezuelen, mä vill net forméiert Jonker a Mënschen iwwert 50 bleiwe laang am Chômage hänken. Firwat a wat sinn d'Solutiounen?
- Weider Sujeten, déi ugeschwat ginn: D'Justiz huet d'Zuele fir 2016 presentéiert, d'Chambre de commerce huet Bilan gezunn an de Premier huet den Deputéierten d’Brexit-Strategie vun der Lëtzebuerger Regierung erkläert.