Am Journal vun e Méindeg den Owend:
- D'Sondagen hu sech confirméiert. Den Emmanuel Macron vum neie politesche Mouvement "En Marche" an d'Marine Le Pen vum Front National sinn am zweeten Tour vun de franséische Wahlen. Dat mat bal 24 respektiv 22% vun de Stëmmen. Déi grouss etabléiert Parteien, déi Konservativ an d'Sozialisten, lecken dogéint hir Wonnen. Reportage Sacha Georges.
A wéi reagéiert de Xavier Bettel op de Vote?
- Datt keng vun den traditionelle Parteien et an den 2. Tour gepackt huet, dat war nach ni do a Frankräich an ass fir si ganz schwéier ze verdauen. Reaktiounen dorop huet d'Maryse Lanners bei der CSV an der LSAP gefrot.
- Dës Wahl ass och déi vun den Extremer. Virop d'Marine Le Pen vum Front National packt et an den zweeten Tour a schwätzt vun enger historescher Victoire. Op der aner Säit ka sech de Jean-Luc Mélenchon vu "La France insoumise" zwar net fir den 2. Tour qualifizéieren, mä kritt ëmmerhin esouvill Zoustëmmung wéi de Konservative François Fillon. Le Pen a Mélanchon, Politiker, déi och zu Lëtzebuerg partei-politesch ganz no suivéiert ginn. Christophe Hochard.
- Gären ginn d'Wahlen a Frankräich mat deenen an Amerika verglach, dat besonnesch wéinst der grousser Zoustëmmung fir d'Marine Le Pen. Den Donald Trump ass elo gutt 100 Deeg am Amt an elo schonn ass hien dee bis elo onbeléiftsten US-President an der amerikanescher Geschicht. De Pierre Weimerskirch huet mat der Lëtzebuerger US-Ambassadrice iwwert den Donald Trump geschwat.
- De Logement ass a bleift ee vun de wichtegste Chantieren zu Lëtzebuerg. Dat sot de Premier zejoert a senger Deklaratioun zur Lag vun der Natioun. Eng vun de Prioritéite vun der Regierung wär et, de Bierger ze hëllefen, sech zu Lëtzebuerg eng Wunneng kënnen ze leeschten. Ee Joer méi spéit an een Dag virun der Deklaratioun vun dësem Joer bleift awer d'Tatsaach, datt d'Wunnengspräisser weiderhin an d'Luucht ginn a vill Bierger et virzéien, sech aus Käschtegrënn am noen Ausland néierzeloossen. De Reportage vum Maryse Lanners.
- Am Virfeld vum État de la Nation kënnt Kritik vun der CSV un der Reform vum RMG. Kritiséiert gëtt virun allem, datt d'Regierung sech net op en Dialog mat der CSV agelooss hätt. Vill Froe wären nach net beäntwert an d'CSV fäert och, datt duerch den neie Revis-System d'Recht op e Mindestakommes a Fro gestallt gëtt. Pierre Jans.
- Haut war den éischten offizielle Schaffdag vum neien Ombudsman. D'Claudia Monti ass eréischt déi d'lescht Woch vereedegt ginn. Ombudsman virdru waren de Marc Fischbach an dono d'Lydie Err, déi viru Kuerzem an d'Pensioun gaangen ass. Déi nei Mediatrice ass mat 45 Joer nach e gutt Stéck méi jonk wéi hir zwee Virgänger. An och u Motivatioun feelt et der fréierer Affekotin a Vize-Presidentin vun der DP sécher net. Si wëll a Saache Mediatioun sou munches beweegen hei am Land. De Reportage vum Dan Hardy.
- Haut gouf och den neie Kolléisch ageweit.
- De Prisong zu Schraasseg huet Plaz fir 624 Leit. Dat geet awer scho laang net méi duer, zanter Joren ass de Prisong ëmmer nees iwwerfëllt. Lo soll eng weider Struktur zu Suessem um Ueschterhaff Entlaaschtung bréngen. Ufank Mee sollen d'Aarbechten ufänken. Ma ronderëm d' Zougangs-Stroosse gëtt elo scho äifreg geschafft. De Reportage vum Pierre Weimerskirch.