Kaarten op den Dësch

Kaarten op den Dësch

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kaarten op den Dësch episodes

  • Schlechte Schüler: Episod 6
    Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Ëm déi Fro geet et an eiser sechsdeeleger Reportage-Serie "Schlechte Schüler", déi Dir hei integral fannt.
    Déi sechst a lescht Episod vun dëser Serie diffuséiere mir hei am Virfeld vun engem Ronndëschgespréich.
    Am zweeten Deel vu Kaarten op den Dësch sinn dräi Gäscht live am Studio fir doriwwer ze diskutéieren, wat an der Schoul muss änneren. Dat sinn nieft dem DP-Educatiounsminister Claude Meisch zwou Léierinnen a Gewerkschaftsvertriederinnen, d'Vanessa Schetgen vum SNE an d'Joëlle Damé vum SEW.
    1 hr 57 min
  • État de la na...ture
    Zwee Deeg virum État de la nation geet et ëm den Zoustand vun der Natur hei am Land: Wéi geet et dem Bësch? Wéi ass et mam Waasser? Wéi steet et ëm d'Biodiversitéit?
    Op déi Froe ginn et Äntwerte vu Leit, déi sech auskennen:
    Jacques Pir - Mouvement écologique
    Doris Bauer - beim Gemengesyndikat SIAS zoustänneg fir Naturschutz a Landschaftsfleeg
    Marc Parries - pensionéierte Fierschter
    Luc Zwank - directeur adjoint vun der Waasserverwaltung
    Moderatioun: Maurice Molitor
    57 min

  • Ass eis Sprooch a Gefor oder geet et hir esou gutt ewéi nach ni?
    Déi eng soen dat eent, déi aner dat anert. Mee alleguer fanne se, datt et noutwenneg ass, d'Lëtzebuergescht weider ze fërderen. Op alle Pläng: an der Schoul, an der Aarbechtswelt, an der Gesellschaft.
    Marc Barthelemy (Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch), Maisy Gorza (Directrice vum INLL), Mélanie Wagner (Soziolinguistin op der uni.lu) a Fred Keup (ADR-Deputéierten a Co-Auteur vum Buch "Mir gi Lëtzebuerg net op") diskutéieren iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch, hir Problemer a Suergen, hir Chancen a Méiglechkeeten.
    Moderatioun: Maurice Molitor
    56 min

  • D'Nowéie vun der Tripartite
    An der Tripartite waren d'Diskussioune scho komplizéiert, duerno si se net vill méi einfach ginn: Dee sougenannte "Solidaritéits-Pak", deen eng Äntwert op déi héich Inflatioun soll sinn, bleift ëmstridden.
    Virun deem Hannergrond diskutéiert de Maurice Molitor mat der OGBL-Presidentin Nora Back, dem CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger an dem LSAP-Deputéierten Dan Kersch.

  • Ronndëschgespréich iwwer d'Energiekris
    Spéitstens virun enger gudder Woch huet hei am Land all Automobilist gemierkt, datt et eng Energiekris gëtt: De Liter Diesel huet wärend e puer Deeg 2,11 Euro kascht. Dat duebelt wéi viru sechs Méint. D'Gaspräisser hunn dëse Mount an Europa e Rekordpräis erreecht.
    De russesche Krich an der Ukrain huet dat Ganzt ugefeiert, et ass awer net den eenzege Gronn fir des Energiekris. D'Präisser ware scho virdrun héich: Mir kommen aus enger weltwäiter Pandemie, an onofhängeg dovun ass eng Energietransitioun am Gaang fir d'Europäesch Unioun bis 2050 ze dekarboniséieren - wëll heesche fort vu fossillen Energien, déi CO2 an domat de Klimawandel verursaachen.
    Wat sinn an der Energiepolitik méiglech Léisunge fir déi ugespaante Situatioun, a wéi eng Lektioune sinn ze zéien ? Doriwwer schwätze mer a Kaarten op den Dësch: Invitéeë beim Jean-Claude Franck sinn:
    Claude Turmes, Energieminister (déi gréng)
    René Winkin, Direkter vum Industrielleverband Fedil (a fréier Generalsekretär vum Groupement Pétrolier)
    Blanche Weber, Presidentin vun der Ëmweltassociatioun Mouvement Ecologique
    Michel Reckinger, Patron vun engem Handwierksbetrib, Vize-President vun der Handwierkerfederatioun a President vum Patronatsdaachverband UEL
    (Aus Termingrënn gouf d'Sendung um Freideg Nomëtteg opgeholl)
    57 min
  • Wéi gesinn déi Kulturschafend Esch2022 eng Woch virum Start?
    Mir schéissen zesummen eng Rakéit an de Weltall, seet Nancy Braun, d'Generaldirectrice vun der Kulturhaaptstad Esch2022 am Virfeld vun der Ouverture vum Kulturjoer de 26. Februar. Eng villverspriechend Ausso, un déi net jiddweree gleewe wëllt.
    Et diskutéieren d'Nancy Braun, den Escher Kënschtler Théid Johanns an de Responsabele fir de Kanner-a Jugendprogramm vum Escher Theater, de Francis Schmit.
    Moderatioun: Valerija Berdi
    55 min

About Kaarten op den Dësch

From the publisher's feed

Ronndëschgespréich vun der Redaktioun