
Sign up to save your podcasts
Or


Hallo an häerzlech wëllkomm bei “Lauscher mol”, dem Polit-Podcast vu Jonker, fir Jonker an och net sou Jonker. An eiser 8ter Episode schwätze mer iwwert en Thema, wat an eisem Liewen omnipräsent ass: Schoul! Besser gesot, Schoul an hier Auswierkungen zu Corona Zäiten. E bessi méi wäit ënnen am Text fannt der e puer Adressen zum Thema mental Gesondheet, an domadder wënsche mer iech vill Spaass bei eisem klenge Rant!
Instagram: @lauschtermol
wichteg Adressen an Telefonsnummeren:
Bei Redebedarf a fir Noutfäll:
SOS Détresse -> https://454545.lu/de/
Kanner- a Jugendteleffon -> https://www.caritas.lu/service/kanner-jugendtelefon
Fir méi Informatioun:
prévention suicide -> https://www.prevention-suicide.lu/de/
prévention panique -> https://www.prevention-panique.lu/differents-types-de-troubles-anxieux/attaques-de-panique/
prévention dépression -> https://www.prevention-depression.lu/en/
Site vun Ministère zum Coronavirus a mentaler Gesondheet -> https://www.covid19-psy.lu/en/
Hallo an häerzlech Wëllkomm bei „Lauschter mol!“, dem Polit Podcast vu Jonker, fir Jonker, an och net sou Jonker. An eiser 7ter Episode schwätze mer am Quader vum Fraestreik iwwer Care Aarbecht (8. Mäerz 2021, schreift et iech op!!).
Instagram: @lauschtermol
Musek: Pool Party - C’est Karma
Referenzen a Quellen:
Internetsite vun der JIF
https://fraestreik.lu/jif-2/
Podcasts
Biicher
Wichteg Leit, di mer erwähnt hunn (fillt iech fräi, e b¨wsswn selwer googelen ze goen :))
Time Stamps:
00:00 - Intro
02:52 - wat ass onbezuelte Care Aarbecht?
05:01 - en Ausfluch an d’Geschicht
14:35 - Care Aarbecht am Kapitalismus
32:38 - Care Aarbecht haut
43:57 - klengen Opruff, eis Referenzen a mir soen Äddi
Hallo an häerzlech Wëllkomm bei “Lauschter Mol!”, dem Polit Podcast vu Jonker fir Jonker, an och net sou Jonker. An eiser 6ter Episode komme mer nach eng Kéier ob d’Theme Revolutiounen a Protester zréck a kucken ënner anerem wat a leschter Zäit an Indien, Chile, Hongkong an am Irak lass war. Mee wéi entstinn die Protester eigentlech? Vu wiem geht d’Initiativ aus? A wat vir eng Roll spillen d’Medien dobäi?
Instagram: @lauschtermol
Quellen a Referenzen:
An dëser 5. Episod beschäftegen mer eis mat Ofdreiwungen an stellen eis d'Fro fierwat se nach ëmmer net (richteg) légaliseiert sinn. Mir kucken eran an d'Geschicht vun der Ofdreiwung, liesen Zitater vun bekannten Aktivistinnen an stellen wichteg ethesch Froen.
Hallo an häerzlech Wëllkomm bei dëser Episode vu „Lauschter mol!“, dem Polit-Podcast vu Jonken fir Jonker, an och net sou Jonker. Haut schwätze mer iwwert Dresscodes. Och wann dëst Thema ulässlesch vun der Aféierung vum Code Vestimentaire am Lycée Classique de Diekirch an de leschte Wochen well oft genuch vun de Medien ugeschwat gouf, konnte mir et net loossen eise Pefferkär och nach bäizeleeën. Mir fokusséieren eis also net nëmmen ob den LCD, mee virun allem ob déi gesamtgesellschaftlëch Problemer déi mir dohannert gesinn.
Time Stamps
00:56 - Intro
02:36 - Aktualitéit
12:43 - d’Sexualiséierung vum weiblech Kierper an der Weltgeschicht
17:55 - Wisou ass eng Kleederuerdnung sexistesch
24:18 - Wat ass Body Image
26:38 - iwwer Rape Culture a Victim Blaming
28:16 - Wat d’Patriarchat domadder ze dinn huet
30:58 - Wisou de Schülercomité eis am Stach gelooss huet
34:56 - Diskussioun
39:02 - är Asendungen
54:16 - Referenzen a mir soen Äddi
Referenzen
An 8 Deeg ginn all (bal all) Amerikaner*innen wielen. An dëser Episod beschäftegen mir eis mat der Fro wei eisen demokrateschen System iwwerhaapt funktionéiert an ginn dobäi spezifesch op d'Problemer an déi eis liberal Democracien kreéieren.
From the publisher's feed