Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
Wëllkomm bei Lët'z Pod, dem Podcast vun der CSV Fraktioun. Nieft eise villen anere Kanäl, wëlle mer Iech och hei iwwert eis politesch Aarbecht informéieren. Mä wëll Politik net alles, an net alles Pol... more
FAQs about Lët'z Pod:How many episodes does Lët'z Pod have?The podcast currently has 20 episodes available.
August 30, 2020Lët'z Pod - Rendez-VousEigentlech wollt hein Astronaut ginn. E gouf dunn awer Paschtouer an ass elo CSV-Deputéierten. Iwwer dee méi wéi ongewéinleche Wee an d'Politik schwätze mer mam Paul Galles. De Paul schwätzt ganz oppen iwwert seng Problemer mam Zölibat, iwwert seng vill Reesen, säi soziaalt Engagement an och wat et mat engem "Burger-Tagebuch" op sech huet. De Wujjelkapp am Lët'z Pod Rendez-Vous....more29minPlay
August 24, 2020Lët'z Pod - Rendez-VousAls Sportler ass hie gewinnt op Victoiren hin ze schaffen, den Exploit bei de leschte Gemengewalen war dann awer och fir de sympateschen Escher eng Iwwerraschung. Wéi koum et dozou, wat hätt säi Papp de Josy gesot, a wat huet sech zanter Oktober 2017 am Liewe vum Georges Mischo geännert? Dat gitt der am Podcast op Itunes a Spotify gewuer. Donieft erzielt de fréieren RTL Lëtzebuerg Sportkorrespondent eis och vu sengem katastrophalen éischten Optrëtt beim Match Etzella-Maacher....more36minPlay
August 17, 2020Lët'z Pod - Rendez-vous11 Joer Buergermeeschter vun der Gemeng Hesper, an 11 Joer als Deputéierten um Krautmaart, de Marc Lies ass sowuel als Gemengepapp vun der 7. gréisster Gemeng hei am Land, grad wéi och als Monsieur Logement vun der CSV e ganz engagéierte Politiker. Nieft der Politik ass Futtball säi gréissten Hobby an de gebiertegen Iechternacher hänkt mat Herz a mat Séil u sengem Land....more25minPlay
August 10, 2020Lët'z Pod - Rendez-vous26 Joer um Krautmaart, 23 Joer an der Stater Mairei, de Laurent Mosar huet national- a gemengepolitesch gekuckt e kuerzen Aarbechtswee. De geléierten Affekot ass Schäffen vun der Stat Lëtzebuerg, a war vun 2009 bis 2013 Chamberpresident. De Laury, e Bouneweger Jong, ass sportbegeeschtert, ass Fan vun der italienescher Kichen, wollt eigentlech ëmmer Ambassadeur ginn a war wärend senger Studienzäit an der franséicher Haaptstat en Deel vum Paräiser Nuetsliewen....more31minPlay
August 03, 2020Lët'z Pod - Rendez-Vous10 Joer Radio, 10 Joer Telé an zanter iwwer 10 Joer Deputéierten. De Felix Eischen war deene meeschte Lëtzebuerger laang viru senger politescher Carrière bekannt.Bei eisem Rendez-Vous mam Kielener Buergermeeschter schwätzt hien iwwert all déi Etapen a sengem Liewen. Wosst der, dass de Felix emol Wiert war an och an engem Film mat gespillt huet?...more32minPlay
July 27, 2020Lët'z Pod - Rendez-VousNo eppes méi wéi 20 Joer an der Chamber zitt de Marco Schank ee Schlussstréch ënnert seng nationalpolitesch Carrière. An eisem éischte Podcast "Rendez-Vous" kucke mer mam Nord-Deputéierten op déi Zäit zeréck, mä mir intresséieren eis awer och fir de Privatmënsch an Auteur Marco Schank....more16minPlay
July 03, 2020Covid-19 KrisWat geschitt am Fall vun enger zweeter Well? Domatter beschäftege mer eis am 4ten a leschten Deel vum Podcast iwwer Covid-19 Kris zu Lëtzebuerg. Wat huelen Martine Hansen, Gilles Roth a Léon Gloden privat mat aus dëser Kris?...more7minPlay
July 02, 2020Covid-19 KrisAm drëtten Deel vum CSV Podcast iwwert d'Covid-19 Kris schwätzen d'Fraktiounspresidentin Martine Hansen an d'Vizepresidenten Léon Gloden a Gilles Roth iwwert d'Organisatioun an de Gemengen an an de Schoulen an och iwwert eng méiglech Sozialkris....more21minPlay
July 01, 2020Covid-19 KrisAm zweeten Deel vum Podcast iwwert d'Covid-19 Kris geet et ëm de Confinement. War de Lockdown richteg? Wat hätt ee réckbléckend kënnen/missen anescht maachen. D'Analys vu Martine Hansen, Gilles Roth a Léon Gloden....more9minPlay
June 29, 2020Covid-19 KrisAm éischte Podcast vun der CSV kucke mer zeréck op d'Covid-19 Kris vum Confinement bis zum Deconfinement. Am éischten Deel wollte mer wëssen wéi d'CSV Fraktiounspresidentin Martine Hansen an hir Vize-Presidenten Gilles Roth a Léon Gloden dës Kris privat erlieft hunn....more8minPlay
FAQs about Lët'z Pod:How many episodes does Lët'z Pod have?The podcast currently has 20 episodes available.