Datt 14 Lëtzebuerger wärend dem zweete Weltkrich am Reserve-Polizeibataillon 101 aktiv waren, ass scho länger gewosst. Elo huet d‘woxx exklusiv eng Foto publizéiert, déi beweist, datt dës Lëtzebuerg keng Affer oder souguer Widderstandskämpfer waren, mä un der Ermordung vun der jüddescher Populatioun a Polen bedeelegt waren. Mir schwätzen iwwert Hannergrënn vun dëser Entdeckung an doriwwer, wat se fir déi lëtzebuergesch Geschichtsschreiwung bedeit.