Mäin Element

Mäin Element

By FNR | Studio J (Lëtzebuerger Journal)ScienceTechnologyEducation
Download on the App Store

Mäin Element episodes

  • Mäin Element - Christina Gathmann

    Schaffen – dat mécht bal jidderee vun eis.


    D'Invitée vun dëser Episod hëlt den Aarbechtsmaart zu Lëtzebuerg méi genee ënnert d'Lupp. D'Christina Gathmann ass Direktesch vum Labor Market Department vum LISER an hire PHD ënnert der Leedung vun Nobelpräisgewënner gemaach. 


    An der aktueller Episod vun Mäin Element schwätze si an de Max iwwert d'Besonneschkeet vum Aarbechtsmarché a Lëtzebuerg, de Prestige vun Elite-Unien a wat Yoga mat der Recherche ze dinn huet.


    Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen? www.fnr.lu

    43 min
  • Mäin Element - Jan Lagerwall

    An der Schoul léiert een, dass et dräi oder véier Aggregatzoustänn ginn.

    De Gaascht vun dëser Episod fuerscht awer un engem aneren, manner bekannten Aggregatzoustand a seet: Et ginn der vill méi, wéi mir der léieren.

    De Jan Lagerwall ass Physiksfuerscher a Proff an huet sech op Crystal Liquids spezialiséiert. Hien zielt dem Max doriwwer, an iwwert seng Approche un d'Léier. Iwwerdeems thematiséiere si Schweeden, säin Heemechtsland, an all déi aner onzieleg Länner, an deenen hien duerch säin Job scho konnt liewen.

    Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen? www.fnr.lu

    41 min
  • Mäin Element - Christine Schiltz

    Wat heescht et Dyskalkulie ze hunn a wéi geet en domadden ëm? Déi Fro stellt sech d’Christine Schiltz. Si ass Dozentin op der Uni.lu a fuerscht als Neurowëssenschaftlerin ronderëm Theema vun der Dyskalkulie.

    An der neister Episod vu Mäin Element schwätze mir virun allem doriwwer wat déi Diagnos an der Praxis bedeit a wéi d’Christine Schiltz dorobber komm ass vum Sportstudium an d’Neurowëssenschaft ze goen.

    Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen? www.fnr.lu

    40 min
  • Mäin Element - Sophie Pilleron

    Kriibs als Diagnos verbannen déi meescht mat engem héijen Alter. An awer gëtt an der Fuerschung net genuch iwwert Kriibs am héijen Alter gefuerscht, esou d’Sophie Pilleron.

    D’Epidemiologin fuerscht mat hirem Team op der Uni Lëtzebuerg zu der Diagnos am Alter a well konkret rausfannen: Wat bréngt Dokteren dozou den diagnostesche Prozess bei eelere Leit an d’Liewen ze ruffen.

    Ëm dat, hiert Liewen a Neuseeland a villes méi geet et an der neister Episod vum Podcast Mäin Element.

    Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu

    34 min
  • Mäin Element - Axel Hochkirch

    Déi meescht Leit denke beim Geräisch vun Heesprénger un eng waarm Summernuecht. Eisen Invité denkt dobäi u seng Fuerschung.

    Den Axel Hochkirch fuerscht nämlech am Beräich vun den Heesprénger. Den däitsche Biolog, deen sech op Naturschutz a Biodiversitéit spezialiséiert huet, erzielt dem Max, wéi en dozou komm ass. Zousätzlech schwätzt hien och iwwert aner Sujeten, wéi zum Beispill, ob et den Axel jeemools an d’Politik kéint zéien.

    Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu

    28 min
  • Mäin Element - Benoît Majerus

    Wann ee mam Benoît Majerus schwätzt, ginn engem d'Gespréichstheemen net aus.

    De Fuerscher erzielt eis iwwert säi Letterbox-Projet, bei deem hien iwwert d'Geschicht vun de Bréifboîte-Firme fuerscht an iwwert den historesche Kontext, deen een aus den Tintin-Comics erausliese kann. Zousätzlech erzielt de Benoît wéi et ass, wann een als Kand vun engem Sexolog opwiisst.

    Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu

    38 min
  • Mäin Element - Ann Kiefer

    Wat huet de Graf Zahl mam Manneke Pis ze dinn?

    Op den éischte Bléck net vill – an awer spille béid eng wichteg Roll am Liewe vun eiser Invitée aus dëser Episod „Mäin Element“.

    D’Ann Kiefer hëlt eis mat an d’Welt vun der Mathematik a schwätzt mat eis iwwer hire Parcours: vun der Schoul an d’Fuerschung a vun do aus erëm zréck an de Klassesall - just eben net als „typesch Mathésprof“, wat dat genau heescht, héiert Dir an der neier Episod. Vill Spaass!

    Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu

    36 min
  • Mäin Element - Jordi Cabot

    KI, Katalounien a Cabot - Dat kéint den Titel vun dëser Episode "Mäin Element" sinn. Zesumme mam Jordi Cabot maache mir ee Rant iwwert d'Recherche, blécken hannert d'kënschtlech Intelligenz a reesen op Plazen, déi bis ewell onberéiert vum Massentourismus bliwwe sinn.

    Vill Spaass mat der neier Episode vu Mäin Element!

    Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu

    33 min
  • Mäin Element - Christophe Ley

    Stellt Iech fir, dir wéisst virun all Sportevent schonn am viraus d‘Resultat? Onwarscheinlech, oder?

    Dobäi mécht eisen Invitée vun haut genau dat, wat soss just en Oktopus wärend der WM kann - e rechent d‘Gewënner vun der EM a WM am Fussball aus. De Christophe Ley huet zu Bréissel studéiert an huet sech do net nëmmen eng Expertise mä huet do nach eng weider Passioun vun sech kennen ausliewen: d'Léift zu Comics a Bandes-Dessinés. Freet Iech op eng léierräich Episode mat spannenden Insights, informative Geschichten an en Abléck an d'Formel mat där een all Tippspill gewanne kann!

    Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣

    https://www.fnr.lu

    33 min
  • Mäin Element - Dominique Santana

    Wann Film op Geschicht trëfft, dann denkt ee meeschtens un den Indiana Jones… Schued u sech.

    Fir dësen Episod hate mir d'Dominique Santana als Gaascht. Si verbënnt dës zwou Saachen – Film a Geschicht – a ganz spannend Projeten. Daucht mat hir a mam Max an dat "brasilianescht Esch", d'Success-Story vun RTL Radio an natierlech och an dem Dominique säi Wee vun der lokaler Tëlee bis zum multimediale Fuerschungsprojet.

    Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣

    https://www.fnr.lu

    37 min

About Mäin Element

From the publisher's feed

E Podcast vum Luxembourg National Research Fund (FNR) an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat…