Mäin Element

Mäin Element

By FNR | Studio J (Lëtzebuerger Journal)ScienceTechnologyEducation
Download on the App Store

Mäin Element episodes

  • Mäin Element - Bianca Nalbandian

    An dësem Episod vun „Mäin Element“ ass de Max am Max Planck Insitute Luxembourg op Besuch. Am Department of International Law begéint hien d'Bianca Nalbandian. D'Fuerscherin kombinéiert an hirem Alldag d'Entwécklungen op der Finanzplaz mat geopoliteschen Aflëss wärend si, ganz niewebäi, nach reegelméisseg Artikelen zum Thema Klimawandel publizéiert. Am Podcast erzielt d'Bianca dem Max, wéi e Problem si mam Begrëff "ambitiéis" huet, firwat der Italienerin eng Karriär am Geheimdéngscht nogeluecht gouf a wéi et dozou koum, dass si e pelzege Matbewunner mam Numm „Julio“ huet.

    Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?

    https://www.fnr.lu/

    Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken?

    https://journal.lu/de

    Audioquellen

    Bloomberg politics - EU Executive Proposes 55% Cut in CO2 Emissions by 2030: https://www.youtube.com/watch?v=mfWHKouexWE

    32 min
  • Mäin Element - Hugo Parlier

    Wéi hätt Dir reagéiert, wann een Iech an der Schoul gesot hätt: Mathé mécht Spaass? Vill vun Iech warscheinlech mat groussen Aen an engem Kapprëselen. Eisen Invité Hugo Parlier huet et sech zur Aufgab gemaach, aus komplexer Mathematik spilleresch Aufgaben ze maachen. Egal ob als analoge Puzzle oder als App. Dat huet esou gutt geklappt, dass dës Spiller hien esouguer bis op Dubai op d'Weltausstellung bruecht hunn. Am Gespréich mam Max erzielt hie vu sengen Erfarungen zu Dubai, sengem Virbild Maryam Mirzakhani, a kläert fir sech, wien de beschten Tennisspiller vun allen Zäiten ass.

    Du wëlls méi iwwert den Hugo Parlier wëssen?

    https://www.fnr.lu/research-impact-fnr-highlights/hugo-parlier

    Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken?

    https://journal.lu/de

    35 min
  • Mäin Element - Anne-Catherine Guio

    An dësem Episod léiert de Max d'Anne-Catherine Guio vum LISER kennen. D'Anne-Catherine ass eng Koryphee op sengem Gebitt – Kanneraarmut an Europa – an erkläert, wéi et déi offiziell Statistik dozou revolutionéiert huet. Ausserdeem erzielt d'Fuerscherin, firwat et ni nervös ass, ier et an der Ëffentlechkeet viru Public oder an de Medie schwätzt. Donieft gi mir gewuer, wéi kreativ seng Aarbecht ass, an där et mat Daten an Zuele jongléiert.

    Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen?

    https://www.fnr.lu/research-impact-fnr-highlights/

    Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken?

    https://journal.lu/de

    Audioquellen

    100,7: https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/anne-catherine-guio
    RTBF: https://www.rtbf.be/info/societe/detail_?id=8111865

    31 min
  • Mäin Element - Habiba Abubaker

    An dësem Episod vun „Mäin Element“ begréisst de Max d'Habiba Abubaker aus dem Max Planck Institute Luxembourg. Zesumme schwätze si iwwert dem Habiba seng Wuerzelen am Sudan, iwwert déi verschidde Militärputschen, déi de Sudan an de leschte Joren huet missen erliewen a wéi wäit déi Situatioun säi Liewen a seng Etüde beaflosst hunn. D‘Juristin erziehlt dem Max vu senge Fuerschungen iwwert d‘Aufgaben vun der Afrikanescher Unioun an erkläert, firwat d‘islamescht Gesetz net onbedéngt dat ass, wat mir vun der Tëlee kennen. Dernieft gi mer gewuer, wat Condoleezza Rice mat senger juristescher Karriär ze dinn huet a wéi ee Comedian fir hat de GOAT ass.

    Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen?

    https://www.fnr.lu/research-impact-fnr-highlights/

    Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken?

    https://journal.lu/de

    Audioquellen

    ARD Tagesschau: https://www.tagesschau.de/thema/sudan/
    DW News: https://www.youtube.com/watch?v=mMLTE90J2AA
    CNN: https://www.youtube.com/watch?v=isN5YAzvVGs

    31 min
  • Mäin Element - Phillip Dale

    Ass et méiglech, dass Lëtzebuerg 100% klimaneutral gëtt? Déi Fro huet de Phillip Dale scho ville Leit gestallt. De Phillip ass nämlech net nëmme Fuerscher am Beräich Photovoltaik, Lithographie an Elektrochimie, mee och Speaker an Host bei Tedx Luxembourg. Aktuell fuerscht hien u Photovoltaik-Anlagen, déi d'Gebaier an de Stied méi flott an zousätzlech méi nohalteg sollte maachen. Wéi en dat ëmsetzt a wat Konscht domat ze dinn huet, erkläert de Phillip an dësem Episod. Donieft erzielt de gebiertegen Englänner, wéi hien de Brexit als Expat zu Lëtzebuerg erlieft huet, wéi eng lëtzebuergesch Gewunnechten hie wëll evitéieren a firwat hien ee YouTube-Channel bedreift.⁣

    ⁣
    Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen⁣
    https://www.fnr.lu/⁣
    ⁣
    Du wëlls méi iwwert de Phillip Dale a seng Fuerschunge wëssen?⁣
    https://www.fnr.lu/research-with-impact-fnr-highlight/fnr-attract-fellows-people-behind-science-phillip-dale/⁣
    ⁣
    Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken?⁣
    https://journal.lu/de⁣
    ⁣
    Audioquellen⁣
    Energy 4 life: https://e4l.uni.lu/⁣
    TEDx Talks: https://www.youtube.com/watch?app=desktop&v=JGsKzHwhIi8

    30 min
  • Mäin Element - Annika Lutz

    Fir dësen Episod ass de Max an den 3D-Scanner geklommen. Dee steet nämlech um Campus Belval bei der Psychologin a Fuerscherin Annika Lutz a kënnt am Kader vun hire Fuerschunge mam mënschleche Gehier an Zesummenhang mat Iessstéierungen an den Asaz. D’Wëssenschaft ass fir d’Annika eng Liewensastellung, déi och beim Reitsport fir si laang eng wichteg Roll gespillt huet.⁣

    ⁣
    Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen⁣
    https://www.fnr.lu⁣
    ⁣
    Du wëlls méi iwwert d'Annika Lutz an hir Fuerschunge wëssen?⁣
    https://www.fnr.lu/research-with-impact-fnr-highlight/spotlight-brain-mechanisms-eating-disorders/⁣
    ⁣
    Du brauchs Hëllef⁣
    https://www.hopitauxschuman.lu/fr/specialites-maladies-traitements/service-national-de-psychiatrie-juvenile-snpj/⁣
    https://www.chl.lu/fr/psychotherapie-de-groupe-pour-traiter-le-trouble-alimentaire⁣
    ⁣
    Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken?⁣
    https://journal.lu/de

    32 min
  • Mäin Element - Djamila Aouada

    An dësem Episod vun „Mäin Element“ geet et ganz héich erop. De Max schwätzt mat der Prof. Djamila Aouada iwwert d'Schaffen am Weltall, Milliardären déi onbedéngt dohi wëllen an d'Konsequenzen doraus fir d'Wëssenschaft. Donieft geet et och ëm aner Themen, wéi zum Beispill dem Djamila säin Opwuesse wärend dem Biergerkrich an Algerien a wéi präsent d'Thema Feminismus haut an der Wëssenschaft ass.

    Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen?

    https://www.fnr.lu/

    Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken?

    https://journal.lu/de

    Audioquellen:

    https://www.youtube.com/watch?v=qierE3DZ5C0
    https://www.youtube.com/watch?v=6M9CRZg_6OI
    https://www.youtube.com/watch?v=ZSp8Pi2doSA

    30 min
  • Mäin Element - Paul Wilmes

    Zënter der Corona-Pandemie ass de Paul Wilmes ee vun de bekannteste Wëssenschaftler zu Lëtzebuerg. An dësem Episod hëlt hien eis mat op eng Rees, déi vun der Kläranlag bis an d'McMurdo Station (Antarktis) geet. De Paul erzielt eis, wéi ee mat Hëllef vu Mikroben am Daarm eppes iwwert Laangzäit-Erkrankungen erausfanne kann, firwat et der Politik hëllefe kéint, wa méi Fuerscher*innen an der Chamber wieren a wéi seng éischt Quarantän-Erfarung an der Antarktis ofgelaf ass.

    Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen?

    https://www.fnr.lu/
    https://www.fnr.lu/research-with-impact-fnr-highlight/fnr-attract-fellows-wilmes/

    Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken?

    https://journal.lu/de

    Audioquellen

    100,7:
    https://www.100komma7.lu/podcast/340269
    https://www.100komma7.lu/audio/122220
    https://www.100komma7.lu/podcast/326008

    RTL:

    https://www.rtl.lu/radio/thema-vum-dag/s/3446370.html
    https://www.rtl.lu/tele/kloertext/a/1686952.html

    34 min
  • Mäin Element - Laurent Pfister

    An dësem Episod dréint sech alles ronderëm d'Waasser. De Laurent Pfister ass Hydrolog an erkläert ënnert anerem, wéi eng Waasserkatastroph dozou gefouert huet, datt hie sech géint d'Liewen als Proff am Secondaire decidéiert huet a wéi ee mat der Hëllef vun Atombommen den Alter vum Waasser bestëmme kann. Hien an de Max schwätzen iwwert den Impakt vum Greta Thunberg an dem Donald Trump op d'Fuerschung, doriwwer wéi de Laurent mat sengem Team am Süde vum Land Waasser aus der Äiszäit entdeckt huet, firwat Lëtzebuerg de perfekte Labo fir d'Hydrologie ass a ginn der Fro no wéi de Wäin als eng Zort Archiv agéire kann.

    Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen?

    https://www.fnr.lu/
    https://www.fnr.lu/research-with-impact-fnr-highlight/research-trends-pfister/

    Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken?

    https://journal.lu/de

    Audioquellen

    100,7:
    https://www.100komma7.lu/program/episode/128785/201607242200-201607242215
    https://www.100komma7.lu/program/episode/128902/201607280730-201607280750

    RTL.lu:

    https://www.rtl.lu/news/national/a/936591.html?fbclid=IwAR3KwIz57RpRJLXo22Lx2mdd_FzqWtOmrPS2o4wrXcKalBDFHGIIeE3jWmc

    The Guardian:

    https://www.youtube.com/watch?v=TMrtLsQbaok

    HBO:

    https://www.youtube.com/watch?v=UZq2L_49PBQ

    31 min
  • Mäin Element - Stéphane Bordas

    De Professer Stéphane Bordas aus der Computational Mechanics ass e richtegen Tausendsassa! Dat gesäit een engersäits un de ville verschiddene Felder an deenen hie mat sengem Team ënnerwee ass, dorënner Aerospace Engineering, Biomechanics, Data Mining, wéi och a senger Fuerschung, a senge Kueren, oder beim Lafen: De Stéphane gëtt ëmmer 110%. Dat gëtt och belount: De Stéphane ass zënter Joren ee vun de meescht zitéierte Wëssenschaftler weltwäit. Eng Leeschtung déi him net an de Schouss gefall ass.

    An dësem Episod bléckt de Stéphane mat eis hannert d'Kulisse vun der Wëssenschaft, an déi huet net ëmmer just positiv Säiten, och wann et vu bausse gären esou schéngt. Mir léiere wat Mathé mat der Natur ze dinn huet, de Stéphane erkläert eis firwat hie seng Auszeechnung als meescht zitéierte Fuerscher kritesch gesäit a schwätzen iwwert d'Thema „endlech ukommen“.

    Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen?

    https://fnr.lu/research-impact-fnr-highlights/

    Du interesséiers dech fir de Stéphane Bordas a seng Studien?

    https://wwwfr.uni.lu/recherche/fstm/doe/members/stephane_bordas

    Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken?

    https://journal.lu/de

    30 min

About Mäin Element

From the publisher's feed

E Podcast vum Luxembourg National Research Fund (FNR) an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat…