
Sign up to save your podcasts
Or


Zréck vun der Paus, net de Podcast. Hei si mir rem mat Vakanzen-Highlights a Wanter-downs. D’Achterbunn mécht och e Stopp am toxic TikTok-Land mee erwaart iech net ze vill well wie sech Hoffnunge mécht kann enttäuscht ginn. Vun Erwaardungen, Iwwerstimmulatioun an den Ausscheedunge vu Villercher. An deem Sënn happy Hallefwëssen x2.
D’Rentrée steet virun der Dier, dem Catherine säin Noper och an, deemno wou dir wunnt, och d’Karen aka Sidsel. Rullt de rouden Teppech aus well d’Prinzessinne vu meh sinn zréck. Zréck an der Realitéit an zréck am Land vum Dommendéck.
D’Persoun, déi ëmmer eis Texter schreift (aka. Cat) ass aktuell am Congé…
Dowéinst hei meng (Sidsel) Notizen zu der Episod: Giele Rack, Nuggi, Police & Konsumaffer… Fir de Recht, iwwerzeegt iech selwer!
Alarm an der Muedenzentral!! Lëtzebuerg ass am Ausnamezoustand well den Holger säin Onwiesen dreift. An net just Lëtzebuerg, beim Cat a Sidsel ass d’Hëtzt och ukomm an de Kapp dämpt - oder wéi kann ee sech soss Brëschtkrich, Traumaschof an Ex-Frënn ouni Nimm erklären? Verspriecht eis einfach op 3 ass alles vergiess: 1,2, …
Dës Episod in a tanned nutshell:
D’Sidsel huet DE Currywurscht-Tipp. D’Cat eifert dem Schéinheetsideal no. Déi Zwee wëlle just nach als Duo agestallt ginn, kréien awer zesumme kee riichte Saz eraus. Brauche se och net, Sprooch verännert sech an am Zweifel, wéi op TikToxic: hal deng Maul.
Wéi vill Synonymmer ginn et fir ze kräischen?
1. Waasser loossen
2. Sech d’Aen verknäifen
3. Aus den Aen urinéieren
4. Pippi an den Aen
5. Eist Liewen
An deem Sënn vill Spaass bei dëser Episod… oder Courage.
Si mir hei op der Titanic oder der Arche Noah? Vum Niveau hir villäicht méi Titanic, ma vun der Besatzung hir freet den Noah sech iwwer seng Pouleten a Geckos. Ass och egal, Haaptsaach d’Schëfft leet of. Dot är NET GIEL Schwammwesten un, maacht iech prett fir Influencer-Dasein an üübt scho mol d’Weltsprooch Däitsch, well et geet lass Richtung… egal Haaptsaach fort. #GoodbyeLuxembourg.
“Champignone kann een net vertrauen, Leit kann een net vertrauen, a Männer souwisou net” – esou kéint een dës Episod resüméieren, mee iergendwéi och net well...wat ass dës Episod??? Fir et am Catherine senge Wierder ze soen “Dës Achterbunn ass e Podcast”. Leet är Schwammflosse prett well déi heite Fësch hu just nach eng Floss an et gëtt gestruewelt a gespruddelt fir net ënner ze goen. Ënner a Roserei, Solidaritéit, Verloschtängscht, Schleeken a Privileegien. Mat léiwe Gréiss vun ärem gesellschaftsrelevante kritesche Podcast-Duo.
Meh proudly presents: eng Produktioun mat groussen Ambitiounen an nach méi groussen Nimm. Freet iech op d’Eso-Erica, de Fernseh-Fuzzi, de Spanner vum M an d’Monien aus der leschter Rei. Opgepasst: dëst Stéck ass en interaktive Lückentext an enthält Humor a Gaunerei. Mir haften net fir Gréisstewahnsinn oder Fuselen.
A wéi Äppel
B wéi Bh
C wéi mir si rëm do a maachen eis eege Reegelen
From the publisher's feed