Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • De Restaurant Madame Witzeg - wat bedeit Inklusioun?
    Mënsche mat engem Handicap sti bei eis nach ëmmer heefeg viru Barrièren - awer et gëtt Plazen, wou all Dag gewise gëtt, wat Inklusioun bedeit. Eng vun dëse Plazen ass de Restaurant Madame Witzeg, dee geschwë scho säin drëtte Gebuertsdag feiert. Hei schaffe Mënsche mat an ouni Trisomie 21 oder anere spezifesche Besoinen zesummen - als Käch, am Service, an an der Organisatioun.
    D’Paule Rodesch war zu Bieles am Restaurant, fir mat Mataarbechter:innen an den Initiateure vum Projet iwwer déi aktuell Situatioun vu Mënsche mat Trisomie 21 zu Lëtzebuerg ze schwätzen, iwwer Fortschrëtter, Erausfuerderungen - an iwwert d’Zukunftspläng fir d’Madame Witzeg.
    6 min
  • Israel dierf weider beim ESC dobäi sinn - wéi sinn d'Reaktiounen?
    No méintelaangen Diskussiounen steet der Participatioun vun Israel um Eurovision Song Contest d’nächst Joer elo näischt méi am Wee. Op der Generalversammlung vun der European Broadcasting Unioun huet sech gëschter Owend eng Majoritéit fir déi nei ESC-Reegelen ausgeschwat - wat bedeit, datt elo all Länner um Museksconcours matmaache kënnen, déi dat och wëllen, huet et no der Versammlung vun der EBU geheescht.
    6 min
  • Budget 2026
    Wat steet an den Avisen? D'Haaptmessagë vun Handels-, Handwierker a Salariatskammer no hirer Analys vum Budgetsprojet fir d'nächst Joer
    5 min
  • Lëtzebuerg brauch bis 2040 335.000 nei Talenter
    Der Chambre de Commerce no bräicht de Lëtzebuerger Aarbechtsmarché bannen deenen nächste 15 Joer 335.000 nei Rekrutementer a bezitt sech dobäi op Zuele vun der Inspection générale de la sécurité sociale (IGSS). Deemno misst ee Lëtzebuerg zu engem sougenannten Talenthub maache fir jonk Leit unzezéien an eng Bevëlkerung, déi am Duerchschnëtt méi al gëtt, um Aarbechtsmarché ze ersetzen.
    5 min
  • Projet Sportsmusée op Äis?
    No engem Artikel op reporter.lu ass de Sportminister Georges Mischo ënner Drock, well hien de Projet net ausgeschriwwen hat. D'LSAP-Deputéiert Liz Braz verlaangt Konsequenzen.
    8 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag