Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • COP20: Wat hu Sträichinstrumenter mam Aarteschutz ze doen?
    Et geet drëms fir d’Bamzort Paubrasilia echinata vum Appendix II an den Appendix I eriwwerzehuelen. Domat gëllt d'Spezies net méi als zukünfteg bedreet, wann den Handel net ageschränkt gëtt, mee als hautzedaags bedreet. Generell gëtt dann awer e Certificat néideg fir de Re-Export, wann ee mat deem entspriechenden Holz oder mam Endprodukt reest. Déi meescht Béi vun de Sträichinstrumenter bestinn awer aus Pernambuk, d'Holz vum Paubrasilia echinata.
    Wat bedeit dat fir Instrumentalisten, déi mat esou engem Bou spillen? A gëtt et Alternativen zum Pernambuk?
    7 min
  • Urteel géint RTL: Dem Jos Nickts säin Affekot reagéiert
    Am 100,7-Interview reagéiert den Affekot vum fréiere President vun der Bréifdréieschgewerkschaft FSFL, de Me Jean-Paul Noesen, op den Arrêt vun der Cour de Cassation vum 27. November 2025.
    “Ech sinn natierlech frou doriwwer, dat war e Kampf, dee fënnef Joer gedauert huet, an dee fir mäi Client gutt ausgaangen ass”, esou den Affekot vum Jos Nickts. Gefore fir d’Pressefräiheet gesäit de Me Jean-Paul Noesen “absolutt keng”. Den Affekot schléisst awer net aus, datt hie “frëndlech Bréiwer” u Medie schreift, déi den Numm an d’Biller vum Jos Nickts nach diffuséieren.
    D’Cour de Cassation hat d’Entscheedung vun der Cour d’Appel vun Dezember 2024 bestätegt, datt d’RTL-Medien den Numm an d’Biller vum Jos Nickts net méi däerfen diffuséieren.
    9 min
  • CNS refuséiert fréiere President als Fonctionnaire ze nominéieren
    Bei der CNS gëtt et eng verfuere Situatioun. De Christian Oberlé war 7 Joer laang President vun der Gesondheetskeess a misst elo eigentlech als Fonctionnaire an der CNS nominéiert ginn, esou wéi e Gesetz vun 2005 dat virgesäit. Mee de Verwaltungsrot vun der Gesondheetskeess huet dat 100,7-Informatiounen no refuséiert, an domat fir eng aussergewéinlech Situatioun gesuergt - mam Virworf vun ënner anerem engem Interessekonflikt. Erklärunge mam Jean-Claude Franck
    5 min
  • Gesetzespropos vun Intersex an Transgender Lëtzebuerg
    Nach ëmmer géife Kanner mat Variatioune vun de Geschlechtsmerkmaler hei am Land ouni hiert Averständnis operéiert ginn, fir hir Geschlechtsdeeler unzepassen, kritiséiert Intersex an Transgender Lëtzebuerg. D'ASBL mécht schonn zanter Joren dorop opmierksam. Mee et hätt sech näischt gedoen - an dofir huet d’Associatioun d’Saach selwer an d’Hand geholl an eng Gesetzespropos fir de Schutz vun esou Kanner ausgeschafft.
    6 min
  • PAN Rassismus
    Wat hält d'Vizepresidentin vun der consultativer Mënscherechtskommissioun (CCDH) vum nationalen Aktiounsplang géint Rassismus? Froen un d'Antonia Ganeto
    16 min
  • Polemik ëm d'Lady Rosa
    Deen neie Bléck zréck op www.100komma7.lu dréit ëm d'Polemik vun 2001 ëm déi schwanger Gëlle Fra. Eisen Archivist Gilles Schreurs huet eng Rei Toundokumenter dozou zesummegestallt.
    5 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag