Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Firwat déi Jonk sech vun der Politik net representéiert fillen

    Jonker wëlle méi Plaze fir sech ze begéinen a sech auszetauschen. A si wëlle méi Participatioun, fir datt hinnen nogelauschtert gëtt, an hir Iddien ëmgesat ginn. Dat waren e puer vun de Conclusiounen op der zweeter Editioun vun den Assises de la Jeunesse gëschter um Donneschdeg am Forum um Campus Geesseknäppchen.

    5 min
  • KLANG - Den 100,7 sicht de beschte Song vum Joer
    Vun haut u kënnt Dir an eiser App an um Site fir dat bescht Lidd vu Lëtzebuerg ofstëmmen.
    Mir spillen dat ganz Joer iwwer vill Musek vu Lëtzebuerger Kënschtler:innen. Wéi ee Lidd huet Iech dëst Joer am beschte gefall? Bis den 12. Dezember kënnt Dir ofstëmmen. D'Gewënnerin oder de Gewënner kritt den 19. Dezember de KLANG 2025 iwwerreecht.
    Den Yves Stephany gëtt dem Maurice Molitor Erklärungen.
    8 min
  • Deforestatiouns-Gesetz gelockert
    D’Europaparlament huet sech gëschter dofir ausgeschwat, dat ëmstriddent europäescht Gesetz géint d’Deforestatioun ze lockeren an d’Akraafttrieden ëm ee Joer ze verleeën.
    D’Parlament huet sech gréisstendeels der Positioun vun de Memberlänner ugeschloss. Si haten déi lescht Woch proposéiert, d’Reglement nees op de Leescht ze huelen. Ënner anerem Lëtzebuerg hat sech dofir agesat.
    Am Parlament war d’Europäesch Vollekspartei op d’Hëllef vun de rietsen a riets-extreeme Fraktiounen ugewisen, fir d’Propos duerchzekréien - dat nodeems sech d’Koalitioun aus EVP, Sozialisten a Liberale sech am Virfeld vum Vott net eens gi war.
    Aus dem Europaparlament vu Stroosbuerg d’Danièle Weber
    5 min
  • D'Orange Week
    Zanter Dënschdeg leeft d’Orange Week. Mat Aktiounen an Evenementer mat der Beliichtung vu Gebaier an orange soll op Gewalt géint Fraen a Meedercher opmierksam gemaach a sensibiliséiert ginn. Dozou e puer Iwwerleeunge vun der Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun am Fräie Mikro.
    4 min
  • AMMD geet no Kritik an d’Offensiv
    D’AMMD probéiert hir Memberen ze mobiliséieren, dat nodeems et vill Kritik un der Decisioun vun der Dokteschassociatioun gouf fir d’Konventioun mat der CNS ze kënnegen an hire Fuerderungen, wéi ënner anerem enger Tarifautonomie. An enger interner Newsletter, déi eis virläit, wéilt d’AMMD mat de Mëssverständnisser an de falschen Informatiounen an der Ëffentlechkeet opraumen, heescht et am Schreiwes. D’Associatioun preziséiert géintiwwer hire Memberen, datt se an de geplangten Dokteschgesellschafte géint Privatinvestisseure wier a géint en Astellen vun Dokteren an esou Gesellschaften. Iwwerdeems wéilt d'AMMD sech dofir asetzen, datt d’Prozedur geännert gëtt, wéi d’Dokteschtariffer festgeluecht ginn.
    7 min
  • Bilderkennung op der A3: Radare kontrolléiere Covoiturage-Spuer
    Déi nei Covoiturage-Spuer op der A3 tëschent der Aire de Berchem an dem Gaasperecher Kräiz huet scho fir vill Gespréich gesuergt: Do dierfen eigentlech zënter Mäerz just Autoe fueren, an deenen op d’mannst zwou Persoune sëtzen - mee séier huet sech erausgestallt, datt net jidderee sech dorun hält. Dofir goufen elo nei Radaren installéiert, déi ufanks vum neie Joer an d’Testphas ginn. Mat wat d’Automobilisten da rechne mussen, weess d’Sophie Schroeder.
    5 min
  • Neien Accord soll d'Preventioun vun Accidenter am Bausecteur verbesseren
    2024 war de Bausecteur fir ronn ee Fënneftel vun allen Aarbechtsaccidenter zu Lëtzebuerg verantwortlech. Dat geet aus dem Joresrapport vun der Assurance Accident ervir. Fir datt den Undeel un Aarbechtsaccidenter am Bau erofgeet, soll méi op Preventioun gesat ginn: anzwar vun der Inspection du travail et des mines, kuerz ITM, an dem Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment, kuerz IFSB. Viru Kuerzem gouf en Accord de coopération ënnerschriwwen, fir datt haaptsächlech d’Inspektere vun der ITM nach besser forméiert ginn.
    4 min
  • Deforestatiouns-Gesetz gelockert
    D’Europaparlament huet sech gëschter dofir ausgeschwat, dat ëmstriddent europäescht Gesetz géint d’Deforestatioun ze lockeren an d’Akraafttrieden ëm ee Joer ze verleeën.
    D’Parlament huet sech gréisstendeels der Positioun vun de Memberlänner ugeschloss. Si haten déi lescht Woch proposéiert, d’Reglement nees op de Leescht ze huelen. Ënner anerem Lëtzebuerg hat sech dofir agesat.
    Am Parlament war d’Europäesch Vollekspartei op d’Hëllef vun de rietsen a riets-extreeme Fraktiounen ugewisen, fir d’Propos duerchzekréien - dat nodeems sech d’Koalitioun aus EVP, Sozialisten a Liberale sech am Virfeld vum Vott net eens gi war.
    Aus dem Europaparlament vu Stroosbuerg d’Danièle Weber
    5 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag