Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • D’Ausstellung De Mains De Maîtres, nach bis e Sonndeg
    Nach bis e Sonndeg kann een am alen Arbedsgebai op der Gare (haut Spuerkeess), d’Ausstellung De Mains de Maîtres kucke goen. Et ass déi 5. Editioun vun dëser Biennale vum Konschthandwierk, déi 2016 ënner der Schiermherrschaft vun der Grande-Duchesse Stéphanie an d’Liewe geruff gouf.
    D’Paule Rodesch war sech d’Expo ukucken an huet mam Direkter vun der Chambre des Métiers Tom Wirion a mam Commissaire général vun der Biennale, de Jean-Marc Dimanche, iwwer d’Bedeitung vun där Ausstellung fir d’Konschthandwierk geschwat. A virop iwwer de Choix vum Theema vun dësem Joer: “Nature singulière”.
    11 min
  • Wat géif de Casteg soen?
    An der Abtei Neimënster gëtt haut den Owend (20.11.) un de John Castegnaro erënnert, dee fréieren OGBL-President, deen 2012 gestuerwen ass. De LISER an den Institut Pierre Werner invitéieren zesummen op eng Diskussiounsronn, un där ë. a. de Jean-Claude Juncker, d’Colette Flesch an de Guy Castegnaro (Fils vum John) iwwer déi aktuell Erausfuerderunge vum Aarbechtsmaart an de Sozialdialog diskutéieren. An natierlech wäert iwwer deem ganzen Owend d’Fro schwiewen: wat géif de John Castegnaro wuel doriwwer denken an dozou soen, wann hien haut nach do wier?
    4 min
  • SEW: “Allermeeschten Enseignantë ginn Hausaufgaben, déi ze bewältege sinn"
    D’Hausaufgabe wieren een Thema, dat verschiddene Famille Suerge mécht, stellt d’Presidentin vum OGBL-Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft fest. “Ech denken, datt déi allermeeschten Enseignanten, déi maachen dat uerdentlech an déi ginn Aufgaben esou, wéi et fir d'Kanner och ze bewältegen ass”, esou d’Joëlle Damé.
    De Serge Kesseler huet mat der Gewerkschaftspresidentin geschwat.
    5 min
  • Nvidia berouegt d'Ängschte virun enger KI-Blos
    D’Chipsystemer vum Konzern hu sech zu enger Schlësseltechnologie fir Software mat Kënschtlecher Intelligenz entwéckelt a ginn antëschent an alle grousse KI-Modeller agesat, wéi Chat GPT oder Gemini. Gëschter Owend huet Nvidia säi Bilan vum 3. Trimester vun dësem Joer presentéiert - an huet all Erwaardungen iwwertraff. Eigentlech war am Virfeld gefaart ginn, datt et no der Presentatioun zu engem Crash op der Bourse géif kommen. Deen ass awer um Enn ausbliwwen. Erklärunge vum Paule Rodesch
    5 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag