Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Riets-konservativ Majoritéit stëmmt fir Ofschwäche vum EU-Liwwerkettegesetz
    Ass d’Brandmauer no riets elo definitiv gebrach? Déi Fro gëtt sech am Europaparlament gestallt - no engem Vott gëschter (13.11.) iwwer dat europäescht Liwwerkettegesetz.
    Fir een ofgeschwächten Text vun där Direktiv huet nämlech eng Majoritéit gestëmmt, déi sech haaptsächlech aus Vertrieder:inne vun der Europäescher Vollekspartei a vu rietsen- respektiv rietsextreeme Fraktiounen zesummegesat huet.
    Dat gouf et esou virdrun nach net - d’Sozialisten, déi Liberal a Gréng hunn duerno net mat Kritik gespuert - si werfen der EVP Erpressung vir. D’Partei hätt amplaz e Kompromëss an der politescher Mëtt ze sichen, bewosst mam rietse Bord zesummegeschafft. D’Danièle Weber iwwer dee Vott an doriwwer, wat dat fir d’Zukunft bedeit.
    5 min
  • Eventtipp: Game On
    Dëse Samschdeg a Sonndeg (15. a 16.11.) steet zu Bouneweg nees d‘Gesellschaftspill an all senge Formen am Mëttelpunkt, da geet d‘Game On nämlech a seng nächsten Editioun.
    2 min
  • komma - de Jugendprogramm vum 100,7 geet un de Start
    Zesumme mat enger Grupp vu Jonken tëschent 15 a 25 Joer gouf an de leschte Méint um radio 100,7 un enger neier, réng digitaler Offer fir e jonke Public zu Lëtzebuerg geschafft. Vum Logo, bis Konzept an och Contenue waren déi jonk Kandidaten a Kandidatinnen, déi sech fir de Programm gemellt haten, vun Ufank u mat involvéiert.
    Dat éischt Format: Still Loading …, e Video-Podcast mam Cheryl (25) an dem Laure (20), mécht den Ufank. All zweeten Donneschdeg schwätzen déi Zwee iwwer d’Transitioune vum Liewen, an deenen net ëmmer alles direkt kloer ass - déi Phas tëschent Schoul an Uni, vun éischte Jobs an éischte Bezéiungen, bis hin zu Decisiounen an neien Ufäng. Mat vill Humor, Real Talk an heiansdo och mat Gäscht gräife si Theemen op, déi si, genee esou wéi vill aner Jonker, an hirem Alldag beschäftegen.
    D’Laure, Host vu Still Loading …, an d’Catherine, Programm-Produzentin vum Jugendprogramm, stellen d’Konzept vu komma an déi éischt Episod vum Vidcast am Moiesstudio vum radio 100,7 vir.
    Dir wëllt direkt an déi éischt Episod vu "Still loading ..." eralauschteren? Da kënnt Dir online maachen op Spotify, YouTube oder Apple Podcast.
    5 min
  • 10 Joer no den Attacken zu Paräis
    Haut viru genee zéng Joer koum et zu Paräis zu den Terrorattacken, bei deenen 130 Persounen hiert Liewe gelooss hunn - de Groussdeel vun hinnen am Concertssall Bataclan. Frankräich trauert haut ëm d’Affer mat enger Zeremonie an der Aweiung vun engem Gedenkuert. Wéi huet d’Terrornuecht d’Land verännert a wéi geet een haut mat der Terrormenace ëm. Eng Analys vun eisem Paräisser Korrespondent Max Tholl
    5 min
  • "LUX", deen neien Album vun der Rosalía
    Déi spuenesch Pop Sängerin Rosalía huet en neien Album erausbruecht mam Titel “LUX”, deen an der internationaler Musekszeen, a virun allem an de Social Media, besonnesch vill Opmierksamkeet kritt. Ob dësem Album fënnt ee sensibel Popballaden a Lidder, déi dozou opfuerdere matzedanzen, awer och Flamenco, dee matrappt, a gefillsvolle Fado fannen hir Plaz op dësem Album. A wat besonnesch interessant ass, ass datt een hei och vill klassesch Influenzen erëmfënnt.
    Grond genuch fir d'Cally Kerschen aus der Museksredaktioun vum 100,7 an d'Carole Mallinger aus der Opus-Redaktioun d’Käpp zesummenzestiechen a gemeinsam fir Iech e klengen Abléck an dëse besonneschen Album ze ginn. Am Moiesstudio hu si iwwer dat Besonnescht vun dësem Album geschwat.
    Wann Dir nach en anere Bléckwénkel op dësen Album wëllt kréien, da kennt Dir och bei eis Kolleege vum Opus 100,7 an d'Mediathéik kucke goen. Do fannt Dir och nach e Gespréich, axéiert op d'Elementer aus der klassescher Musek, déi op dësem Album ze fanne sinn. D'Cally Kerschen an d'Carole Mallinger waren op Besuch beim Lex Kauffmann am Harmonesche Moien fir iwwer den Album “LUX” vun der Rosalía ze schwätzen.
    7 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag