Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • D'LSAP an Tempo 30
    D'Vitess-Limitatioun an den Uertschafte stoung am LSAP-Walprogramm. Wat ass aus där Fuerderung ginn? Dozou d'Presidentin vum LSAP-Gemengeforum a Buergermeeschtesch vu Suessem Simone Asselborn-Bintz.
    7 min
  • Fro vun der Woch: Tempo 30
    Soll een d'Vitess an den Uertschafte generell op 30 km/h limitéieren? D'Paule Rodesch mecht eng Synthes vun de (ville) Reaktiounen, déi am Laf vun der Woch erakoumen.
    5 min
  • Wann Hënn no vermëssten Déiere sichen
    D’ASBL Sichhënn bidd Hëllef fir déi Leit déi hiert Hausdéier vermëssen. Am heefegsten siche si dobäi no Hënn oder Kazen déi verluer gaange sinn. Pro Woch traitéieren si eng 7-8 Fäll vu vermëssten Déieren. D ASBL war an de leschte Wochen e puer mol an de Neiegkeeten - Dat, well Si staatlech Ënnerstëtzung wëllen hunn fir hir Servicer beschtméiglech unzebidden. Den Ament giff et der ASBL un den néidege Ressource feelen, fir all d’Demanden déi si kréien kënnen ze traitéieren, esou hir Presidentin Tanja Forette. Wat genee d’Sichhënn maachen a firwat eng staatlech Konventioun an hiren Aan déi einfachst Léisung ass, huet de Pit Beffort fir eis nogefrot
    5 min
  • Eventtipp: Hexen & Legenden
    Dëse Freiden am Nomëtten, ass zu Käerch am Gréiweschlass eng méi lass, da geet et do nämlech ëm Hexen an Legenden. Et ginn hei Workshops, Liesungen an och Live Musek.
    2 min
  • Klimaschutz a russesch Staats-Suen: EU-Sommet mat kontroversen Sujeten
    Um EU-Sommet zu Bréissel sti nawell kontrovers Sujeten um Ordre du jour: Ëmstridden ass den Asaz vu russeschem Staatsverméigen, wat bis elo agefruer ass a gréisstendeels an der Belsch läit. An de de Klimaschutz, konkret d'Fro, ob ee soll weider un ambitéisen Ziler festhalen oder der Industrie entgéint kommen, andeems een d’Ambitiounen e bëssen zeréckschrauft.
    Wou genee ginn d’Meenungen auseneen? Aschätzungen vun eiser EU-Korrespondentin, Danièle Weber.
    8 min
  • 30 Joer Patiente Vertriedung
    D'ASBL, déi sech als Lobby a Sproochrouer vun de Patienten an alle Froe ronderëm de Gesondheetssystem an d'Krankeversécherung versteet, gouf 1995 gegrënnt. Froen un de President René Pizzaferri.
    4 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag