Mat den Diddelenger, Déifferdenger a Bierchemer Hären an de Käerjenger Dammen hu 4 Lëtzebuerger Ekippen d'Qualifikatioun fir déi 3. Ronn am European Cup fäerdegbruecht.
Hypercholestérolomie familiale ass eng genetesch Veranlagung, op déi d'Elteren hir Kanner vun 18 Méint vun elo un teste loosse kënnen. Dee systemateschen Depistage gouf gëscht op enger Pressekonferenz vun der Gesondheetsministesch virgestallt.
D'Stater LSAP-Conseillère Maxime Miltgen reagéiert op de Budget vun de festivitéiten, déi d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer gëscht am Gemengerot dévoiléiert huet.
Zanter September zejoert bitt de Lycée technique du Centre hei an der Stad en DAP fir Tätowéierer un, also en Diplom d’aptitude professionelle. Ee vun den Initiateure vun deem Diplom war de Marion Thill, Piercer, Besëtzer vun engem Tattoo-Studio a Vize-President vun der Hair, Beauty and Tattoo Guild zu Lëtzebuerg. A mat him huet d’Paule Rodesch sech a sengem Studio op der Gare iwwert déi aktuell Situatioun am Secteur ënnerhalen.
Op der Hunnefeier zu Schengen gouf gëschter d'Enn vun der Drauwelies gefeiert. Fiederwäissen a Fiederrosé, mee och Konscht a Kulinaresches krut een ugebueden