Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Jeunesse-Musée
    De schwaarz-wäissen Traditiouns(fussball)veräin plangt e Musée op der Escher Grenz, ugeduecht als partizipative Projet. Explikatioune vum Historiker Denis Scuto.
    10 min
  • Méi Natur an eise Schoulhäff
    E groe Rechteck mat e puer triste Beem an engem Klotergestell drop, dat ass d'Bild a ville Schoulhäff uechter d’Land. Dat soll sech no an no änneren: Virun zwee Joer huet den Ëmweltministère den Appel à Projets “Méi Natur an eise Schoulhäff lancéiert. D’Gemenge sollten iwwert deen Opruff encouragéiert ginn, fir nees méi Gréngs an d’Schoulen ze bréngen. Bei der éischter Editioun virun 2 Joer hat d’Gemeng Déifferdeng gewonne mat hirem Projet fir d’Schoul Um Bock zu Uewerkuer. A wat do genee geplangt, oder scho realiséiert ginn ass, dat war d’Paule Rodesch sech fir eis ukucken.
    Déi nächst Editioun vum Appel à projets gëtt elo am Hierscht lancéiert a wäert net just fir Schoulhäff gëllen, ma och fir d'Renaturéierung vun ëffentleche Plazen, huet eis den Ëmweltministère matgedeelt.
    10 min
  • E Mann mat ville Facetten
    Hien ass Buergermeeschter vu Mäerzeg, President vum Nohaltegkeetsrot - an de Weekend spillt en heiansdo Danzmusek op Hochzäiten a Gebuertsdeeg. Bei eis am Interview: De Mike Poiré.
    13 min
  • Wéi kann een d’Finanzsituatioun vun der CNS verbesseren?
    Den Defizit vun der Gesondheetskeess ass fir dëst Joer viraussiichtlech e bësse méi niddereg ewéi en nach am Mee geschat gouf, e soll fir 2025 bei 118 Milliounen Euro leien. Fir d’nächst Joer kéinten et bis zu 210 Millioune sinn. Spéitstens 2027 géifen d’Reserven ënner dem minimale legale Seuil leien. Do wëllt een elo géigesteieren, mat enger Feuille de Route iwwert dräi Joer. Fir 2027 schéngt eng Hausse vun de Cotisatiounen inevitabel.
    6 min
  • Fussball
    WM-Qualifikatioun: De Roland Schaack, Ex-Spiller an -Trainer an der BGL Ligue, kommentéiert de Match Lëtzebuerg géint d'Slowakei.
    7 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag