Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Lëtzebuerger gewënnt Opus Klassik
    De Lëtzebuerger Vibraphonist a Komponist Pascal Schumacher ass de Weekend mam OPUS KLASSIK 2025 ausgezeechent ginn. Hien huet zesumme mat der Däitsch/Griichescher Pianistin Danae Dörken an der Kategorie “Neue Klassik” gewonnen, fir hire gemeinsamen Album “Glass Two”.
    De Pascal Schumacher ass 2012 schonn eng Kéier mam Echo Jazz ausgezeechent ginn - dem Virleeferpräis vum OPUS KLASSIK, deen aktuell gréissten Däitschen Industriepräis an der Klassikbranche ass.
    5 min
  • Prix Europa: 100,7-Podcast ausgezeechent
    D’100,7-Produktioun “Carambolage” iwwert d’Hannergrënn vum Milliounebedruch bei der Caritas krut zu Berlin beim Prix Europa den zweete Präis fir déi bescht europäesch Audio-Investigatioun. Ënnert 15 Nominatiounen an där Kategorie huet de Jury zwou Produktiounen ervirgehuewen: D’Auszeechnung “Special Commendation” fir de Caritas-Podcast "Carambolage" am Zeenewiessel, an den Haaptpräis fir “Det Vita Snusets Baksida” vum schweedeschen ëffentlech-rechtleche Radio iwwert d’Hannergrënn vun der Industrie vun de sougenannte wäissen Nikotin-Pouches. Am Ganze ware ronn 160 europäesch Produktioune fir de Prix Europa 2025 nominéiert ginn. D'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck kucken op d'Ofschlosszeremonie zréck.
    1 min
  • Gérard Schockmel: Idéologie vum Feminismus
    Den DP-Deputéierte Gérard Schockmel gëtt an de soziale Medie massiv kritiséiert, wéinst engem Meenungsbäitrag am Wort vun ee Samschdeg. Kritik kënnt och aus der eegener Partei. D‘DP-Parteipresidentin Carole Hartmann sot am 100,7 Interview, de Gérard Schockmel hätt dat net am Numm vun der Partei geschriwwen.
    4 min
  • Nom Leidelenger Referendum
    Wat soten d'Leidelenger Bierger zu enger genereller Vitesslimitatioun op 30km/h an hirer Gemeng? De Buergermeeschter Lou Linster reagéiert op d'Resultat vun der Ofstëmmung.
    6 min
  • Zeenewiessel um Prix Europa
    Zu Berlin ass haut den Owend d’Ofschloss-Zeremonie vum Prix Europa. Ausgezeechent ginn do déi bescht europäesch Tëlles- a Radiosproduktioune vun dësem Joer. A fir déi alleréischte Kéier ass och Lëtzebuerg bei dësem Mediepräis vertrueden. Eis Podcast-Serie iwwer d’Caritas-Affär ass an der Kategorie “Audio Investigatioun” nominéiert.
    5 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag