Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Qualifizéiert sech de Cap-Vert haut fir d'Fussball-WM 2026?
    De Ronny Souto huet hei am Land Fussball gespillt, zu Diddeleng an op der Fola, an huet d'Ekipp vum Gaalgebierg och trainéiert. Hie gëtt seng Aschätzung zu där Partie an der eemoleger Chance fir den Inselstaat, fir op enger Weltmeeschterschaft matzespillen, als Land mat manner Awunner wéi Lëtzebuerg!
    5 min
  • Rout Léiwen motiviéiert virum Spill géint Däitschland
    E Freideg den Owend spillt d’Lëtzebuerger Fussballnationalekipp vun den Hären hiren drëtte Match an der Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft 2026 géint Däitschland. E puer Deeg drop steet dann de Retour-Match an der Slowakei um Programm. Un den Aller-Match géint d’Slowakei hunn d’Rout Léiwe keng gutt Erënnerungen. Quasi a leschter Minutt hat een do den 1-0 kasséiert an domat e Match verluer an deem een eigentlech déi besser Ekipp war. De Lëtzebuerger Golkipp, Anthony Moris, hat beim Géigegol net gutt ausgesinn.
    4 min
  • Staatsfinanzen: Schéier geet auserneen
    Op 521 Milliounen Euro summéiert sech op den 30. September den Defizit beim Zentralstaat, de Finanzminister Gilles Roth bleift trotzdeem optimistesch. Am Gespréich mam Jacques Ganser analyséiere mir wéi den Impakt, deen dat op de Budgetsprojet wäert hunn.
    8 min
  • Russeschen Dissident an der Chamber
    Sanctioune géint Russland verstäerken an applizéieren, déi politesch Detenuen net vergiessen an d’Kontakter verstäerke mat deenen, déi sech een demokratescht Russland wënschen, dat war de Message vum russeschen Dissident Vladimir Kara Murza un d'Deputéiert vun der aussenpolitescher Chamberkommissioun.
    5 min
  • Hoffnung op eng Wafferou?
    Et gëtt weiderhi gutt Chancë fir en Akkord tëschent Israel an der Hamas, seet den US-President Donald Trump, deem säi Friddensplang fir Gaza den Ament an Ägypten negociéiert gëtt. Et gëtt Hoffnung op eng Wafferou. Gëschter nach huet Israel den 2. Anniversaire vun der déidlecher Terrorattack vun der Hamas de 7. Oktober 2023 commemoréiert. Zenter deem Dag herrscht Krich an Israel gräift weiderhi mat Loftattacken a mat Buedemtruppen d'Gaza-Sträif un.
    4 min
  • KI an der Medezin
    D’Kënschtlech Intelligenz schläicht sech no an no an all Liewensberäicher eran. Deels ass dat ganz ëmstridden, wann zum Beispill d’KI op eemol d’Frënn ersetzt, oder d’Hausaufgabe schreift. Mee se kann awer och d’Aarbecht a ville Beruffssparten erliichteren a beräicheren. Zum Beispill och an der Medezin. Haut a muer (6. a 7.10.) ass déi drëtt Editioun vun der Healthcare Week Luxembourg. Theema do sinn d’Chancen an d’Erausfuerderungen, déi duerch d’Kënschtlech Intelligenz am Gesondheetswiesen entstinn. D'Paule Rodesch huet den Organisateur - d'Spidolsfederatioun FHL - a Lëtzebuerger Startuppen aus dem Secteur am Gespréich.
    5 min
  • KI an der Medezin
    D’Kënschtlech Intelligenz schläicht sech no an no an all Liewensberäicher eran. Deels ass dat ganz ëmstridden, wann zum Beispill d’KI op eemol d’Frënn ersetzt, oder d’Hausaufgabe schreift. Mee se kann awer och d’Aarbecht a ville Beruffssparten erliichteren a beräicheren. Zum Beispill och an der Medezin. Haut a muer (7. a 8.10.) ass déi drëtt Editioun vun der Healthcare Week Luxembourg. Theema do sinn d’Chancen an d’Erausfuerderungen, déi duerch d’Kënschtlech Intelligenz am Gesondheetswiesen entstinn. D'Paule Rodesch huet den Organisateur - d'Spidolsfederatioun FHL - a Lëtzebuerger Startuppen aus dem Secteur am Gespréich.
    7 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag