Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Zeenewiessel um Prix Europa
    Zu Berlin ass haut den Owend d’Ofschloss-Zeremonie vum Prix Europa. Ausgezeechent ginn do déi bescht europäesch Tëlles- a Radiosproduktioune vun dësem Joer. A fir déi alleréischte Kéier ass och Lëtzebuerg bei dësem Mediepräis vertrueden. Eis Podcast-Serie iwwer d’Caritas-Affär ass an der Kategorie “Audio Investigatioun” nominéiert.
    5 min
  • Tempo 30 an der Gemeng Leideleng: lokale Referendum dëse Sonndeg
    Vun den 2.767 Awunner vu Leideleng kënnen dëse Sonndeg 1.328 Persoune beim lokale Referendum hir Stëmm ofginn.
    Dobäi geet et ëm dës Fro: “Sidd Dir dofir, datt d’Vitesslimitt um Territoire vun der Gemeng Leideleng vu 50km/h op 30 m/h op allen Haaptstroosse bannent der Uertschaft an de kommende Joren erofgesat gëtt?”. De Buergermeeschter Lou Linster ass sech bewosst, datt dëse Virschlag eng “radikal Léisung” fir d’Verkéiersberouegung ass.
    7 min
  • Eventtipp: Into The Spotlight
    Eng Konferenz doriwwer, wéi de Journalismus an de leschte Joerzéngten an de Filmer duergestallt gouf. Wat een sech konkreet dorënner virstelle kann, hu mir de Conferencier Yves Steichen gefrot.
    3 min
  • Journée mondiale de la vue
    Informatiounen iwwer den Engagement vun der Lëtzebuerger Fondatioun CBM an Angola, déi sech op d'Behandlung vu Katarakten (groe Star) konzentréiert. D'Dr Michelle Berna-Thill, Aendoktesch aus den Hôpitaux Schuman ass am Moment op der Plaz.
    4 min
  • Frankräich: an elo?
    Interview mat der Isabelle Rauch, Deputéierter aus der Moselle vun Horizons, der Partei vum fréiere Premier Edouard Philippe, déi zum centre-droit zielt.
    8 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag