Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Liichtathletik-WM zu Tokio
    4 Lëtzebuerger huelen un der Weltmeeschterschaft zu Tokio deel, déi muer ufänkt. De Jean-Baptiste Souche, Directeur Technique National, ass eis elo live aus Tokio zougeschallt.
    7 min
  • Geféierlech Säit vum Internet: Skinny Tok
    Op der Sich no Inspiratioun fir méi Sport a Gesondheetstipps geroden ëmmer méi Jonker op déi geféierlech Säit vum Internet: Skinny Tok. Domat ass eng Ënnerkategorie vun TikTok gemengt. Videoen a Poste mat dësem Hashtag sinn net nëmmen op TikTok, mee och op anere Soziale Medie wéi Instagram oder YouTube Shorts ze fannen.
    Hanner dem Trend verstoppt sech eng Online-Welt, déi extreemt Ofhuele verherrlecht. Wat op deen éischte Bléck wéi normal Fitness- oder Diättipps wierkt, verharmloost a Wierklechkeet déi eescht a potenziell geféierlech Krankheet Magersucht, och ënner dem Numm Anorexia nervosa bekannt.
    D’Laure Carier huet sich den Trend ugekuckt.
    5 min
  • Wéi steet et ëm d'Von-der-Leyen-Majoritéit am Europaparlament?
    Am Europaparlament verhäerte sech d’Fronte vu lénks a riets. Gëschter krute béid Säiten, also d’Fraktioun vun de Lénken an déi Riets vun de Patriote fir Europa genuch Ënnerschrëften zesummen, fir zwee weider Mësstrauensvotten am Parlament géint d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen ze lancéieren. Um nämmlechten Dag huet d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hir Ried zur Lag vun der Unioun gehalen. Doran huet si virun allem probéiert déi ze iwwerzeegen, déi vun Ufank un hanner hir stoungen.
    Ass dat gelongen, wéi steet et ëm déi sougenannte Von-der Leyen-Koalitioun? D’Sophie Schroeder an d’Danièle Weber hunn zu Stroossbuerg am Europaparlament bei Lëtzebuerger Euroapdeputéierten nogefrot.
    6 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag