Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Gaza: Appell vun Médecins sans frontières
    Médecins sans frontières ass eng vun de véier Organisatiounen, déi nach ëmmer an der Gaza-Sträif present si fir humanitär Hëllef ze leeschten. Zesumme mat aneren ONGen huet MSF gëschter en Appell un déi international Staategemeinschaft geriicht, all déi politesch, ekonomesch a juristesch Mëttelen, déi et ginn, ze notze fir dem israeelesche Krich am palästinensesche Gebitt en Enn ze setzen. Mir hu mam Thomas Kaufmann, Generaldirekter vu Médecins sans frontières Lëtzebuerg, geschwat.
    4 min
  • Drauwelies 2025
    D'Wënzer:inne stelle sech op e gudde Cru an, mussen an Zäite vu Klimawandel a manner Alkoholkonsum awer och no Weeër siche fir sech op d'Zukunft virzebereeden. D'Paule Rodesch ass zu Wellesteen bei der Lies um Domaine René Bentz derbäi, wou dëst Joer déi éischte Kéier zwou PIWI-Riefzorten ugebaut goufen. Riewen, déi méi resistent solle si géint Pilzkrankheeten an de Klimawandel.
    10 min
  • Schoul vun der Zukunft
    Am däitsch-Lëtzebuerger Schengen-Lycée zu Pierel ass et dëst Joer eng ganz besonnesch Rentrée. Vun dësem Schouljoer u gëtt do nämlech een neit Léierkonzept ageféiert. D’Schülerinnen a Schüler solle selwer decidéiere kënnen, a wéi engem Tempo si d’Haaptfächer Franséisch, Däitsch a Mathé léieren. Dobäi steet déi eege Verantwortung an och déi individuell Fërderung am Mëttelpunkt. D’Sophie Schroeder war sech an der Schoul zu Pierel e Bild vum neie System gemaach.
    6 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag