Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • D'Enn vun de sougenannte Sozialronnen
    Och no dräi sougenannte Sozialronnen ass et dem Premier Luc Frieden net gelongen, d’Gewerkschaften an d’Patronat op eng Linn ze bréngen, bei enger Rei vu wichtegen Theemen, dorënner déi mëttel- respektiv laangfristeg finanziell Ofsécherung vum Pensiounssystem.
    Wéi hunn déi verschidde Säiten dëst Resultat gëschter Mëtteg duergestallt nom Enn vun de Gespréicher? Dat analyséiere mir zesumme mam Serge Kesseler.
    4 min
  • Camprilux ass mat Saison zefridden
    De Camping läit och weiderhin am Trend. Am éischten Trimester dëst Joer gouf et dem STATEC no dëst Joer bal 490.000 Iwwernuechtungen op den 80 Campingsplazen am Land. Dat ass ee liichte Réckgang vun 2,6 Prozent am Verglach zum Virjoer.
    Ganzer 80 Campingsplaze ginn et hei zu Lëtzebuerg, e Groussdeel dovu gehéieren zu der Vereenegung vun de Lëtzebuerger Campingsbedreiwer Camprilux.
    10 min
  • Eng nei Noutstruktur fir Jonker zu Uewerglabech
    De Gilles Dhamen, Premier Conseiller de Gouvernement vum Educatiounsministère iwwer déi nei Struktur vun der croix-rouge fir Kanner, déi net méi bei hirer Famill wunne kënnen an iwwer deen nach ëmmer grousse Besoin fir esou Opfangstrukture fir Jonker an Noutsituatiounen.
    5 min
  • Sozialverhandlungen
    An hirer drëtter Sozialronn dëse Mëttwoch wëlle Regierung a Sozialpartner Léisungen an deene wichtegste Froe fannen. Bis dohinner war et ee laange Wee, e Réckbléck op déi eenzel Etappen.
    7 min
  • Michel Reckinger: "D'Parlament soll decidéieren"
    Am Virfeld vun der drëtter Sozialronn muer Mëttwoch hu mir nieft der Presidentin vum OGBL de President vum Patronatsdaachverband UEL gefrot, wat hie sech vun der Reunioun erwaart. Mir wollten och seng Aschätzung gewuer ginn, an der Suite vun der Ukënnegung vum Premier, datt d’Gespréicher mat de Sozialpartner dës Woch sollen op en Enn kommen ...
    6 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag