Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Eng Rees duerch d'Stater Ënnerwelt
    Am Kader vun der LUGA gouf den Aquatunnel fir d’éischte Kéier zanter 2011 fir de Public opgemaach. Deen 900 Meter laangen Tunnel, deen ënner der Uewerstad läit, verbënnt de Pafendall an de Péitrussdall. Déi schottesch Klangkënschtlerin Susan Philipsz huet d’Klanginstallatioun “The Lower World” entworf, bei där si de Klang vun de Sireenen a vun de Mieresjongfraen evoquéiert. Dofir huet si hir eege Stëmm opgeholl, déi duerch 12 Haut-parleuren am Tunnel ofgespillt gëtt. De Lex Kauffmann, d’Marie Trussart, d’Kerstin Thalau an de Joe Birchen sinn duerch den Tunnel gaangen an hunn Andréck gesammelt.
    5 min
  • Première als Dirigent
    De Lëtzebuerger Christophe Mirkes dirigéiert de Staatsorchester vun Athen. Bis ewell war hie “just” Geiist. Wéi ass et, op emol op där aner Säit vun der Bün ze stoen?
    8 min
  • Tëschent Russland an der EU - d'Republik Moldau
    A Moldau léise sech déi europäesch Politiker mat hire Staatsbesich of. Gëschter koum de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel vu senger Rees aus dem Nopeschland der Ukrain zeréck, dofir sinn den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz, de polnesche President Donald Tusk an de franséische President Emmanuel Macron gëschter ukomm. Dat fir de moldaweschen Nationalfeierdag, deen um Dag vun der Onofhängegkeet vum osteuropäesche Land vun der Sowjetunioun viru 34 Joer gefeiert gëtt.
    6 min
  • Mat grénger Energie manner ofhängeg vu Russland ginn
    Moldau, d’Nopeschland vun der krichsbetraffener Ukrain, strieft a Richtung Europa. An dat net nëmmen am politesche Sënn - och wat d’Energie ugeet wëllt Moldau esou onofhängeg wéi méiglech sinn. Dofir gräift d’Land mat der aktueller pro-europäescher Regierung ëmmer méi op erneierbar Energiesourcen zeréck.
    4 min
  • Ausgestuerwen Ackerplanz entdeckt
    60 Joer laang gouf et en net méi zu Lëtzebuerg - de sougenannte Venuskamm. Eng Ackerplanz, vun där een ausgaangen ass, datt se ausgestuerwe war. Mee elo hunn d’Botaniker op engem Acker bei Munneref duerch Zoufall 100 Planze vum Venuskamm entdeckt. Zënter 1963 gouf et keng Spure méi vun dëser Planz.
    5 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag