Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Iwwer Äppelbrot a Kuuschten
    An de 60er a 70er Joren ass den Alain Atten duerch d'Land gezunn - op der Spuer vu lokale Sproochvarianten. Elo koum deen zweeten Deel vum "Sproochatlas 1900" eraus. Wat verroden d'Opzeechnunge vun deemools? Froen un d'Linguistin Sara Martin. (Rediffusioun vum 24.3.25)
    12 min
  • Israel-Gaza-Konflikt
    Israel huet ugefaangen d'Stad Gaza anzehuelen. Wat fir Konsequenzen huet dat fir Zivilbevëlkerung a bekämpft een domadder d'Hamas? Dat froe mir d'Noost-Expertin Bente Scheller.
    7 min
  • Waasserstoffreseau zu Lëtzebuerg: Esou gesinn d'Pläng aus
    Lëtzebuerg kënnt enger Ubannung un den europäesche Waasserstoffreseau ëmmer méi no. Éischt Verbindunge wäert de Grand-Duché ufanks den 2030er Jore kënne Richtung Frankräich hunn. Dat tëschent Fréiseng an Diddenuewen. Vun do aus kéint de Süde vum Land mat Waasserstoffleitunge beliwwert ginn.
    5 min
  • E Bléck hannert d'Geeschterbunn op der Schueberfouer
    Den Owend, 22.8., ass et souwäit: d’Schueberfouer mécht hir Dieren op. Dräi Woche laang suergen eng Hellewull u Spiller, Butteker an Iessbude fir Animatioun um Stater Glacis. Zënter 2016 ass och de Rudolf Schütze mat senger Geeschterbunn dobäi. All puer Joer plënnert hie seng Geeschterbunn aus Däitschland op de Glacis. Fir d’lescht war dat 2023. Dëser Deeg bereet seng Ekipp vu fënnef Mann déi lescht grujeleg Klengegkeete fir de Start vun der Fouer vir. D’Ilana Joseph war sech d’Virbereedungen ukucken a koum mam Schreck dovun ...
    5 min
  • Hype ëm Vintage-Tricoten
    Fir den Optakt vun den internationale Fussballschampionnaten dierf engem treie Supporter eppes net feelen: dee richtegen Trikot. Dat muss awer net ëmmer dee vun der aktueller Saison sinn. Zanter e puer Joer sinn och Fussballstrikoten aus den 1990er an 2000er Joren nees richteg beléift. Mee net nëmme Fussballfans fannen un der moudescher Sportskleedung Gefalen. De Maxime Arshed, dee selwer Vintage-Trikote verkeeft, erkläert, wat et mam Trend op sech huet.
    5 min
  • An 18 Deeg mam Vëlo duerch Europa
    5.000 Kilometer eng Kéier queesch duerch Europa, dat net mam Camper oder um Motorrad, mee um Vëlo. D’Transcontinental Race gëllt als déi schwéierste sougenannt unsupported Vëloscourse an Europa. Cycliste fueren hei ouni Ënnerstëtzung vu baussen, ganz op sech eleng gestallt Dausende Kilometer. D’Zil: Ukommen. De Lëtzebuerger Cyclist Christopher Fusulier ass d’Transcontinental Race an 18 Deeg, 1 Stonn a 34 Minutte gefuer. Domat ass hien 144. am General-Klassement ginn. D’Sté Bisenius huet hie getraff a gefrot, wéi et him ergaangen ass.
    5 min
  • Muss d'EU a Serbien agräifen?
    Zënter bal 9 Méint gëtt a Serbie géint dem Aleksandar Vučić seng Regierung demonstréiert. Rezent eskaléiert et ëmmer méi dacks tëschent den Demonstranten an de Sécherheetskräften. Mir schwätze mam Politolog a Balkan-Expert Florian Bieber.
    8 min
  • Dat Onsiichtbaart, siichtbar maachen
    “Wou d’Uelzecht-Stad” ass deen zweete Soundwalk vun der Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz zesumme mat der englescher Poetin S.L. Grange. Mam eegenen Handy a Kopfhörer kann een duerch de Gronn trëppelen an iwwer 13 Statiounen d'Geschichte vum Quartier entdecken. Esou soll deen onsiichtbare Patrimoine vun der Stad Lëtzebuerg nees méi visibel gemaach ginn. De Soundwalk ass iwweregens gratis a kann zu all Zäit gemaach ginn, ob eleng oder an der Grupp. D'Marie Trussart huet sech mat der Komponistin am Gronn getraff a krut lauter spannend Geschichten erzielt.
    Den 31. August huet een am Kader vun der LUGA iwweregens d'Méiglechkeet de Spadséiergang nees zesumme mat der Komponistin ze goen.
    5 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag