Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Apdikte wëlle méi Entschiedegung fir Garden
    Wie kennt et net, et steet ee sonndes moies op an et huet een den Hals wéi, d’Nues déi leeft an de Kapp wéi. Doheem huet een awer net ëmmer Medikamenter parat, also kuckt een, wéi eng Apdikt da grad Gard huet an der Géigend. Déi meeschte Leit hu wuel schonn op eng Gard zréckgegraff fir séier Medikamenter um Weekend, engem Feierdag oder souguer nuets ze kafen. Wat een awer vläicht net weess, ass datt vill Apdikte Verloscht maache wa se Gard hunn.
    An dowéinster soll den Apdikterverband sech Enn des Mounts mat der CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez treffen. Do solle staatlech Hëllefen nei negociéiert ginn, domat d’Apdikte weiderhin hir Garde kënne maachen. Eng Gard huet fir d’Apdikt nämlech e gewësse Käschtepunkt.
    3 min
  • Positiv Entwécklung: Manner héich Buedem-Ozon-Wäerter
    Vläicht kann deen oder aneren sech nach erënneren. Viru gutt 10 Joer war et Usus, datt een am Summer reegelméisseg just mat 90 km an der Stonn huet dierften op der Autobunn fueren. De Grond waren ze héich Buedem-Ozon-Wäerter, déi fir de Mënsch net gutt sinn. Dëse Summer gouf et nach keng esou Alerte wéinst ze héijen Ozonwäerter, an dat trotz den héijen Temperaturen. An och d‘lescht Joer gouf et dat ganz Joer iwwer keng Warnung. Wéi ass dat ze erklären? Zum Deel ass dat mat enger positiver Entwécklung verbonnen, seet d’Claire Heuschling, Ëmweltingenieurin bei der Ëmweltverwaltung am Beräich Loftqualitéit.
    4 min
  • Wat bréngen déi nächst Woche fir d'Ukrain?
    D’Ukrain soll op staark Sécherheetsgarantië vun der EU an den USA kënnen zielen, fir weider russesch Attacken ofzewieren. Nach ass awer onkloer, a wéi wäit Washington sech wierklech wëllt engagéieren an och, wéi eng Roll d’EU zukünfteg fir d’Sécherheet an Europa soll spillen. Aschätzungen dozou vum Fabian Vetter, hien ass Chef vum operative Geschäft vun der Berodungsfirma Agora Strategy. Hiert weltwäit Netzwierk vun Experten an Analyste beréit Betriber a Regierungen a geopolitesche Froen.
    10 min
  • Op de Spuere vun den Dinosaurier
    Viru Kuerzem goufen am Dinosaurierpark Teufelsschlucht dräi Zänn vum bis ewell eelste Flugsaurier aus Däitschland fonnt. Den Alter vun den Zänn gëtt op 210 Millioune Joer geschat. Si goufen am Kader vun engem Citizen-Science-Projet entdeckt. Dëse Projet erméiglecht et Visiteure vum Park selwer no Fossilien ze sichen.
    5 min
  • No den Entrevuen am Wäissen Haus: Ass een dem Fridden méi no komm?
    Stonnelaang Gespréicher gëschter am Wäissen Haus. Den Donald Trump huet zu Washington mam ukrainesche President Selenskyj a mat enger ganzer Rei aneren europäesche Leadere geschwat.
    Wat ass do zeréckzebehalen? Koum een dem eigentlechen Zil, nämlech engem Enn vum Krich an der Ukrain méi no? Doriwwer schwätzen mir mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
    8 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag