Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Vum Affekotecabinet op de Bauerenhaff

    De Meyershaff huet jorelaang no engem Nofollger gesicht. Ausgerechent e geléierten Affekot huet d'Erausfuerderung ugeholl. Wéi koum et dozou a wat brauch een eigentlech dofir? Doriwwer diskutéiere mir mat der Sylvie Meyers-Weis, déi zesumme mat hirem Mann den Haff nach bedreift, an den Dylan Vieira Da Silva, deen d'Relève wëllt huelen.

    13 min
  • Späicherstrategie Lëtzebuerg
    De Simeon Hagspiel, Regierungskommissär fir Energie, gëtt Prezisiounen iwwer d’Subside fir Batterien, mat deenen een de selwer produzéierte Solarstroum späichere kann.
    5 min
  • Eng Warscheinlechkeet vun 1 zu enger Millioun

    Dat ass d'Chance, déi een aktuell huet, fir e passende Knachemuerch- oder Stammzellespender ze fannen, wann et keen an der Famill gëtt. Gebraucht ginn esou Spende beispillsweis, fir Mënsche mat Leukemie ze hëllefen. Et gëtt e Regëster an deem all d’Spender weltwäit agedroe sinn. Geréiert gëtt deen hei am Land vun der Associatioun Don de moëlle. Hir Sekretärin, Pia Gorza, ass Invitée bei eis am Studio.

    9 min
  • De Baggerweier vu Rëmerschen
    De Summer dréit nees op Héichtouren an deen een oder anere wäert et kaum erwaarde kënnen, an d’kaalt Waasser ze sprangen. Passend dozou invitéieren déi 5 grouss Séien zu Lëtzebuerg op en Dag an der Sonn. Zum Beispill um Baggerweier zu Rëmerschen. De Weier, eng al Sandgrouf, gëtt vum soziale Projet “Erliefnes Baggerweier” bedriwwen, dee Leit mat Handicap engagéiert. Net wäit vu Schengen, am Häerz vun der Lëtzebuerger Wäiregioun, luet de Baggerweier op méi wéi just eng kleng Ofkillung an. Den Jimmy Bruch war sech ukucken, wat een Dag um Baggerweier versprécht.
    4 min
  • Wéi kënne Festivalle méi nohalteg ginn?
    Heefeg sinn esou Evenementer net ganz ëmweltfrëndlech, et entsteet virun allem vill Offall. Wien nämlech Festival seet, seet ënner anerem och Eeweebecheren, Pabeierstelleren oder Plastiksfläschen. D'Isabelle Schummer vum Oekozenter beréit d'Organisateuren am Kader vum Projet Green Events, wéi si den ekologesche Foussofdrock vun hire Veranstaltunge kënne reduzéieren.
    11 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag