Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Festivalle méi nohalteg gestalten
    Wien un e Festival denkt, denkt warscheinlech u Sonn, gutt Musek a vläicht souguer un e klengen Humpen. Et denkt een awer net onbedéngt direkt un den Offall, dee bei engem Festival esou entsteet. Wien nämlech Festival seet, seet ënner anerem och Eeweebecheren, Pabeierstelleren oder Plastiksfläschen. Wéi geréieren d’Lëtzebuerger Festivallen dat? D’Pebia Urban huet sech zwee Lëtzebuerger Festivallen ugekuckt: ee mam offizielle Green Event Label an een ouni.
    6 min
  • Florence Thurmes zu Chemnitz

    Chemnitz ass dëst Joer eng vun den zwou europäesche Kulturhaaptstied. Déi Lëtzebuerger Kënschtlerin Florence Thurmes ass do Direktesch vun de Konschtausstellungen.

    6 min
  • Internationalen Traité fir Plastikoffall

    Wéi en Impakt de Plastikoffall op eis Natur an Ëmwelt huet, dat ass antëschent warscheinlech jidderengem bewosst. Et gëtt geschat, datt tëschent 80 an 150 Milliounen Tonne Plastik an de Weltmierer schwammen an all Joer kommen der nach 8 Millioune weider derbäi. Aktuell verhandelt déi international Gemeinschaft zu Genf um Lac Léman iwwer en neien Traité fir géint d’Plastikpollutioun virzegoen. Den Optakt vun de Verhandlunge war schonn 2022. D’Negociatioune sinn awer net einfach, an déi verschidde Staaten a Regierunge si sech op ville Punkten net eens. Enn 2024 sollt dat neit Ofkommes eigentlech um Dësch leien. Ob et dës Kéier klappt, doriwwer schwätze mir mat der Journalistin Laura Mercier. Si suivéiert d’Verhandlungen op der Plaz fir dat onofhängegt Presseorgan Contexte.

    6 min
  • Als Dokter ënnerwee an zwou Welten
    Den Dr. Jean-Claude Leners war laang Generalist zu Ettelbréck a reest zanter 35 Joer reegelméisseg a wäit entleeë Regioune fir do Patienten ze hëllefen. Wat erlieft hien do a mécht dat mat him?
    13 min
  • Stroumpräis: 136 Euro d'Joer manner duerch Subventioun vun Netzkäschten
    De Staat wäert de Stroumpräis och déi nächst dräi Joer subventionéieren, andeems e Stroumnetzkäschten an Héicht vun 150 Milliounen Euro d‘Joer iwwerhëlt. Aus dem entspriechende Gesetzesprojet geet ervir, datt doduerch e Stot mat duerchschnëttlechem Stroumverbrauch kéint 3,9 Cent pro Kilowatt-Stonn manner bezuele wéi elo. Op ee Joer héich gerechent wieren dat 136 Euro.
    5 min
  • Erausfuederungen um Stauséi
    De Summer ass nees do an déi waarm Temperature maache Loscht an d’Waasser ze sprangen a sech ofzekillen. A wou geet dat besser wéi um Stauséi? Den Dag op der Plage beim gréisste Séi zu Lëtzebuerg zielt scho laang zu de Summerklassiker. Mee an de leschte Jore steet déi beléifte Fräizäitdestinatioun ëmmer nees an de Schlagzeilen: Iwwerfëllte Plagen, Auto-Chaos an illegal Rave-Partyen. Eng Erausfuerderung fir den Naturpark an d’Gemengen. Am Summer vum kale Waasser profitéiere soll awer och an Zukunft méiglech sinn. Detailer Jimmy Bruch
    4 min
  • Nei Method fir d'Haaptschlagoder ze behandelen
    D'Gefässchirurgin Dr. Muriel Schiltz huet déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg erfollegräich eng nei Operatiounstechnik bei Aortenanevrismen ugewannt. Bei E.S.A.R-Operatiounen (Endo Suture Aortic Repair) ginn Endoprotheese mat Ankeren an der Oder fixéiert. Dat verhënnert e Verrutsche vun der Prothees. Bis ewell war déi Fixéierung vun de Protheese just bei oppenen Agrëff méiglech, duerch d'E.S.A.R-Technik ass et elo och minimal-invasiv méiglech.
    3 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag